A 54 Deeg fänken d'Olympesch Summerspiller zu Paräis un. Bis elo ass nach kee Lëtzebuerger Schwëmmer qualifizéiert. RTL huet zwee vun hinne begleet.

D'Olympesch Spiller zu Paräis sti virun der Dier an et besteet nach d'Méiglechkeet, dass sech e puer Lëtzebuerger Schwëmmer fir déi 33. Editioun vun der Olympiad qualifizéieren.

Mam Ralph Daleiden a Rémi Fabiani stinn zwee Schwëmmer am "Projet de qualification olympique" vum COSL, an och de Sportzaldot Julien Henx wëll seng Hoffnung nach net opginn.

Bei der Kompetitioun Mare Nostrum zu Barcelona hunn déi zwee Lëtzebuerger probéiert, d'olympesch Norm ze realiséieren. Dem Rémi Fabiani sollt dat iwwer 50 Meter Fräistil, senger Paradedisziplin, awer net geléngen. Och de Sportzaldot Julien Henx huet d'Olympianorm zu Barcelona net erreecht.

Bei enger weiderer Editioun vun der Mare Nostrum ass e Samschden zu Monaco de Ralph Daleiden am 100 Meter Crawl op déi gutt 5. Platz komm. Éischt Finall fir de Finn Kemp als 8. iwwert 200 Meter 4 Nages an de Rémi Fabiani ass leider net iwwert eng 13. Plaz op de 50 Meter Crawl erauskomm.

Déi lescht Chance op d'Olympiaqualifikatioun ass bei der EM. Sollt kee vun de Lëtzebuerger d'Norm erreechen, wär Lëtzebuerg eng éischt Kéier zënter 1996 net am Schwamme vertrueden.