
No Statioune beim SC Freiburg a Sporting Lissabon huet d'Charlotte Schmit en neien Challenge fonnt. Déi 20 Joer jonk Lëtzebuergerin huet bei Valadares Gaia FC ënnerschriwwen. De Veräin spillt an der éischter portugisescher Divisioun a gouf d'lescht Joer Véierten.
Fir d'FLF-Selektioun stoung d'Charlotte Schmit 33 Mol um Terrain. Zu Lëtzebuerg war déi jonk Mëttelfeldspillerin fir Hueschtert an d'Entente Wuermer aktiv.