Den CS Uewerkuer feiert eng iwwerleeë 4:1-Victoire géint Buerschent a bleift soumat an der 2. Divisioun.

CS Uewerkuer - CS Buerschent 4:1
1:0 Mendes Monteiro (9', Eelefmeter), 2:0 Ramos De Paula (16'), 3:0 Fernandes Freire (39'), 3:1 Baptista Correia (45+3'), 4:1 Ramos De Paula (90+6')

Am Stade Nic Anzia zu Useldeng stoung um Sonndeg viru 637 Supporter dee leschte Barragematch vun der Saison um Programm.

Bei excellentem Futtballwieder waren et d'Männer vun Uewerkuer, déi besser an d'Partie komm waren. No 9 gespillte Minutte krute si no engem Handspill vum Matos am Strofraum een Eelefmeter zougesprach. De Mendes Monteiro hat sech dës Geleeënheet net huele gelooss an de Ball äiskal an den Eck gesat. Och no der Féierung war Uewerkuer méi geféierlech. No engem Corner an der 16. Minutt konnt sech de Fernandes Freire mam Kapp duerchsetzen, ma de Ball goung um Enn awer just un d'Lat. An der 18. Spillminutt war et dunn awer esou wäit an Uewerkuer konnt erhéijen. No engem wäite Ball konnt sech de Fernandes Freire géint de Pettinger duerchsetzen an hat de Ball an den Zentrum op de Ramos De Paula gespillt, deen de Ball just nach misst iwwer d'Linn drécken.

Duerno koum Buerschent awer besser an d'Partie ma souwuel beim Schoss vum Bendaoud an der 22. Spillminutt, wéi och beim Fernandes Santos sengem Ofschloss nëmmen 3 Minutte méi spéit war de Samuel Ferreira Mendes am Uewerkuerer Gol op sengem Posten a konnt paréieren.

Nach an der éischter Hallschent konnt Uewerkuer dunn nach fir d'Virentscheedung suergen. Beim Fernandes Freire sengem prezise Schoss aus ronn 16 Meter konnt de Pettinger nëmmen hannendru kucken. An der Nospillzäit vun der éischter Hallschent war et deene Buerschter um Enn nach gelongen, ee Liewenszeechen ofzeginn. No enger flotter Kombinatioun duerch déi Uewerkuerer Defense hat de Bendaoud am 5-Meter Raum de Baptista Correia fonnt, dee verkierze konnt.

Nom Téi koumen déi Uewerkuerer méi sprëtzeg aus de Kabinnen. No engem wäite Ball vum Fernandes Freire war de Ramos De Paula eleng duerch, säi Schoss goung awer fräi virum agewiesselten Devillet just widder de Potto.

Buerschent war duerno beméit, de Match nach ze dréinen, ma déi gutt Geleeënheeten hat awer Uewerkuer. Dem Fernandes Freira säi Schoss an der 65. Spillminutt war op en Neits um Potto hänke bliwwen, an nëmmen 1 Minutt méi spéit krut de Costa Miranda de Ball aus 2 Meter fräi virum Gol net an de Filet gesat.

Bis zum Enn sollt et Buerschent awer net méi geléngen, fir de Match nach eng Kéier spannend ze gestalten. Déi beschte Geleeënheet hat de Bendaoud an der 80. Minutt, ma och déi war net vun Erfolleg gekréint a sou kann Uewerkuer um Enn den Deckel dropsetzen an duerch de Ramos De Paula an der Nospillzäit fir d'Entscheedung suergen.

No enger gudder Réckronn an engem iwwerleeëne Barrage kënne si sou dach nach de Maintien an der 2. Divisioun feieren, fir Buerschent geet et iwwerdeems och an der neier Saison an der 3. Divisioun dorëm, den Opstig ze realiséieren.