3. Grand-Slam-Titel fir de Carlos Alcaraz

© EMMANUEL DUNAND/AFP
No den US Open 2022 a Wimbledon 2023 huet de Carlos Alcaraz d'French Open 2024 gewonnen. An der Finall huet hien den Alexander Zverev geschloen.
Et war eng spannend an deelweis och héichklasseg Finall, déi iwwer fënnef Sätz gaangen ass. Um Enn huet sech de Spuenier Carlos Alcaraz 6:3, 2:6, 5:7, 6:1 a 6:2 géint den Däitschen Alexander Zverev duerchgesat. Den Zverev huet och seng 2. Finall an engem Grand Slam no den US Open 2020 verluer.
Am 1. Saz hu béid Spiller nervös ugefaangen, de Spuenier huet awer séier dominéiert. Den Zverev war ze onbestänneg a sengem Spill an huet den éischte Set verdéngt mat 3:6 verluer.
Den Däitschen huet sech am 2. Saz däitlech gesteigert an deen och mat 6:2 fir sech entscheet.
Den 3. Set war u Spannung an Intensitéit kaum ze iwwerbidden. Fir d'éischt louch den Alcaraz 5:2 vir, éier den Däitschen zréckgeschloen huet. 5 Spiller konnt den Zverev um Stéck gewannen, fir sech dach nach mat 7:5 duerchzesetzen a mat 2:1 an de Sätz a Féierung ze goen.
Den 3. Saz hat beim Zverev vill Kraaft kascht an dat huet een an der nächster Manche gemierkt. De Spuenier konnt déi mat 6:1 wannen.
D'Finall vu Roland Garros huet also missen am leschte Saz entscheet ginn. Et goufe Breakchancen op béide Säiten, mee just den Alcaraz konnt seng notzen. De Spuenier huet dee Saz mat 6:2 fir sech entscheet a verdéngt de nächste Grand-Slam-Titel gewonnen.