De Favorit am Grupp C kënnt vun der Insel

Mat England gëtt et e grousse Favorit am Grupp C. An dat net just fir d'Grupp op der éischter Plaz ofzeschléissen, mä och op den EM-Titel.
D'"Three Lions", déi déi 4. Plaz an der FIFA-Weltranglëscht beleeën, wëllen nom Vize-Titel 2021 endlech hiren éischten EM-Titel feieren.
Mat Dänemark ass nach eng Natioun am Grupp C, déi gutt Chancen huet, an d'Endphas ze kommen. Ob et fir den Europameeschter aus dem Joer 1992 awer duergeet, fir ganz uewe mat ze spillen, ass ze bezweifelen.
D'Ekipp aus Serbien, déi och am Grupp C derbäi ass, rechent sech och Chancen aus, Gruppephas ze iwwerstoen. Defensiv relativ staark an am Stuerm hu se mam Dusan Vlahovic vu Juventus Turin e Stiermer an hire Reien, dee weess wou de Gol steet.
De Grupp gëtt da completéiert mat der Ekipp aus Slowenien, déi et awer ganz schwéier wäert kréien. Si sinn den "Outsider" an dësem Grupp. Eigentlech hu si schonn e risege Succès erreecht, andeems si sech fir d'EM qualifizéiert hunn.
De Spillplang vum Grupp C
16. Juni: 18 Auer Slowenien - Dänemark
16. Juni: 21 Auer Serbien - England
20. Juni: 15 Auer Slowenien - Serbien
20. Juni: 18 Auer Dänemark - England
25. Juni: 21 Auer England - Slowenien
25. Juni: 21 Auer Dänemark - Serbien