Um Mëttwochowend war d’Soirée des Lauréats vun der Handballfederatioun.

Als bescht Spillerin vun der Saison gouf d’Ninon Bolle vum HB Diddeleng geéiert. Bei den Hären ass de Bierchemer Yann Hoffmann den MVP.

Als bescht Trainer bei den Damme goufen ex aequo den Diddelenger Mikel Molitor an den Déifferdenger Michel Scheuren ernannt. Bei den Häre gouf de Bierchemer Coach Marco Stupar ausgezeechent.

Och déi bescht Butteure goufe geéiert. Bei den Damme war et d’Laurence Hoffmann vun Dikrech a bei de Hären de Réiserbänner Yann Hoffmann.