Frankräich gewënnt knapp géint Éisträich, Victoirë fir d'Slowakei a Rumänien
E Méindeg war de véierten Dag vun der Futtball-Europameeschterschaft an Däitschland.
Am éischte Match am Grupp E konnt sech Rumänien iwwerraschend mat 3:0 géint d'Ukrain behaapten. Och am zweete Match an dësem Grupp koum et zu enger fermer Iwwerraschung: D'Slowakei setzt sech no enger kämpferescher Leeschtung mat 1:0 géint d'Belsch duerch. Am Grupp D ka sech Frankräich no engem flotte Match mat 1:0 géint Éisträich behaapten.
Grupp E: Rumänien - Ukrain 3:0
1:0 Stanciu (29'), 2:0 Marin (53'), 3:0 Dragus (57')
An der éischter Partie vum Dag huet Rumänien 3:0 géint d'Ukrain gewonnen. Am Ufank vum Match hu sech béid Ekippen duerch kompakt Defensivreie méi schwéier gedoen, fir sech richteg geféierlech Golchancen erauszespillen. Duerch e schlecht Ofwierverhale vun den Ukrainer bei hirem 16-Meter an e gudde Pressing vun de Rumänen ass de Ball an der 29. Minutt beim Stanciu gelant, deen aus ronn 18 Meter mat engem herrleche Schoss an de Wénkel dem ukrainesche Golkipp Lunin, deen och am Virfeld net ganz onschëlleg um Gol war, keng Chance gelooss huet.
No der Paus huet de Golkipp vu Real Madrid nees net säi beschte Moment erwëscht, de Lunin konnt an der 53. Minutt e secke Flaachschoss vum Marin aus knapp 25 Meter net paréieren. 4 Minutten drop huet den Dragus no engem Corner op 3:0 erhéicht. D'Ukrainer haten an där Phas hire Spillplang komplett verluer. Zum Schluss huet d'Ukrain nach eng Kéier alles no vir geheit, et sollt awer bei der 3:0-Victoire fir Rumänien bleiwen.
Grupp E: Belsch - Slowakei 0:1
0:1 Schranz (7')
An enger héich dynamescher Ufanksphas waren et d'Belsch, déi direkt voll opgespillt hunn an an den éischte 5 Minutten zwee Mol d'Chance haten, fir den 1:0 ze markéieren. Mä d'Rout Däiwele sinn ëmmer um slowakesche Golkipp hänke bliwwen. D'Slowaken hunn am Géigenzuch hir éischt Chance äiskal ausgenotzt. Et war de Schranz, dee vun engem belsche Feeler profitéieren an de Ball an der 7. Minutt am Gol ënnerbrénge konnt. Doropshin ass de Match allerdéngs ofgeflaacht. D'Slowake stoungen hanne stabil an hu wéineg zougelooss, soudatt et mat engem 1:0 op den Téi gaangen ass.
An der zweeter Hallschent hu sech eis Belsch Nopere weiderhi schwéier gedoen. Och e vermeintleche Gol an der 56. Minutt vum Lukaku gouf vum Arbitter wéinst enger Abseitspositioun zréckgeholl, soudatt bei de Belsch, iwwert de ganze Match gekuckt, net vill zesummekomm ass. D'Slowaken hunn d'Rout Däiwelen iwwer wäit Strecke vun der zweeter Hallschent vum eegene Gol wechgehalen a konnten nach eng zweete Kéier dovu profitéieren, datt den Arbitter e Gol vun der Belsch annuléiert huet, soudatt si, no enger insgesamt enttäuschender Prestatioun vun der Belsch, den Optaktmatch iwwerraschend fir sech entscheede kënnen an d'Belsch domadder fir déi nächst Matcher ferm ënner Drock setzen.
Grupp D: Éisträich - Frankräich 0:1
0:1 Wöber (Eegegol, 38')
D'Fransousen hu vun Ufank un a Richtung vum Gol vun den Éisträicher gespillt, hu sech dobäi awer schwéier gedoen, fir sech kloer Golchancen erauszespillen. D'Éisträicher hu kierperlech gutt géint d'Fransousen dogéint gehalen an hunn esou de Favorit virum eegene Gol ewechgehalen. An der 36. Minutt haten déi Éisträicher esouguer déi beschten Occasioun an der éischter Hallschent! Dëst nodeems de Sabitzer de Baumgartner schéin an d'Lach geschéckt huet. Dësen ass mat sengem Schoss aus 5 Meter allerdéngs um Maignan hänke bliwwen. Zwou Minutten drop louch de Ball dunn am Éisträicher Gol. De Wöber, dee bei sengem Klärungsversuch net gutt ausgesinn huet, hat eng Flank vum Mbappé a säin eegene Gol deviéiert, woumat d'Fransouse mat 1:0 a Féierung gaange sinn. Mat dësem Score ass et dunn och an d'Kabinne gaangen.
Nom Téi hat den Mbappé an der 56. Minutt den zweete Gol um Fouss leien. Allerdéngs konnt de Fransous, deen eleng virum Golkipp opgedaucht ass, de Ball net am Gol ënnerbréngen, soudatt d'Éisträicher nach am Spill waren. Am weidere Verlaf war et e flotte Match, an deem et op an of gaangen ass. Béid Formatiounen hu sech näischt geschenkt an haten nach eng sëllege Chancen, mä e Gol sollt op kenge vu béide Säite méi falen. Domadder gewënnt Frankräich knapp mat 1:0 a verschaaft sech eng komfortabel Positioun am Grupp D.