D'Seat Lëtzebuerg Billie Jean King Cup Team ass zu Chisinau a Moldawien mat enger 3:0-Victoire géint den Aserbaidjan an den Tournoi gestart. 

D'Lucie Rabiot konnt säin Eenzel géint d'Lala Eyvazova mat 6:0, 6:1 fir sech entscheeden, d'Marie Weckerle huet sech mat 7:5, 2:6, 6:1 géint d'Michelle Dzjachangirova duerchgesat an d'Liz Baddé an d'Erna Brdarevic konnten den Dubbel géint d'Lala Eyvazova/Michelle Dzjachangirova mat 6:3, 6:0 gewannen.

Am Grupp C vun der Europa-Grupp III trëfft Lëtzebuerg en Dënschdeg op Montenegro an e Mëttwoch op Irland. Vun en Donneschdeg u spillen d'Gewënner vun de Gruppen A, B an C ëm den Opstig an d'Europa/Afrika-Grupp II.

Nieft deene 4 Spillerinnen, déi an der éischter Renconter zum Asaz komm sinn, steet der Kapitänin Anne Kremer och nach d'Claudine Schaul zur Verfügung.