Ni Xia Lian, Sarah De Nutte a Luka Mladenovic fir Olympia qualifizéiert
Et ass en historeschen Exploit. Fir déi alleréischt Kéier hu sech dräi FLTT-Vertrieder fir d'Olympesch Spiller qualifizéiert.
D'Ni Xia Lian wäert zu Paräis un hire sechsten Olympesche Spiller deelhuelen. D'Sarah De Nutte huet sech no Tokio also och elo fir Paräis qualifizéiert a fir de Luka Mladenovic ass et eng Première.
Dass déi 60 Joer al Ni Xia Lian zu Paräis wäert um Dësch stoen, ass keng gréisser Iwwerraschung. D'Sarah De Nutte an de Luka Mladenovic hunn déi lescht 12 Méint extrem vill Zäit a Kraaft investéiert a goufen elo schlussendlech belount. Allen dräi FLTT-Vertrieder hu sech iwwer d'Weltranglëscht qualifizéiert. De gréisste Sprong dobäi huet de Luka Mladenovic gemaach. Am Mäerz stoung hien nach op der 207. Plaz an der Weltranglëscht, mëttlerweil ass hien do de 87. a krut domat den zweetleschten Ticket fir Paräis. Hien ass iwwregens den éischte Lëtzebuerger bei den Hären, deen et op d'Olympesch Spiller oder an d'Top 100 vun der Weltranglëscht gepackt huet.