Iwwerdeems deele sech Serbien a Slowenien souwéi England an Dänemark am Grupp C mat engem 1:1-Gläichspill d'Punkten. Domadder ass am Grupp C nach alles op.

Resumé Futtball-EM 2. Spilldag vum Cliff Block

En Donneschdeg geet et op der Futtball-EM an Däitschland weider mam zweete Spilldag vun der Gruppephas. Am Nomëtteg hu sech Slowenien a Serbien mat engem 1:1 getrennt. Mam nämmlechte Resultat ginn d'Punkten och am Match tëscht England an Dänemark gedeelt. Am Top-Match op dësem Owend kënne sech d'Spuenier iwwerdeems mat 1:0 géint d'Italieener behaapten.

Grupp C: Slowenien - Serbien 1:1

1:0 Karnicnik (69'), 1:1 Jovic (90+6')

An den éischte Minutte vum Match hunn d‘Serben direkt probéiert, Drock op déi slowenesch Ekipp, déi immens déif stoung, ze maachen. Bësse géint de Spillverlaf waren et awer d'Slowenen, déi an der 8. Minutt déi éischt Chance vum Match haten. Dem Adam Cerin säi Schoss vum 5 Meter Eck konnt awer gutt vum serbesche Golkipp Predrag Rajkovic paréiert ginn. D‘Slowene si vun der 15. Minutt un ëmmer besser an de Match komm, ouni sech awer konkret Chancen eraus ze spillen. D‘Serben haten hir éischt Chance réischt an der 27. Minutt. Dem Aleksander Mitrovic säi Kappball konnt duerch eng gutt Parad vum Jan Oblak am slowenesche Gol interceptéiert ginn. An der 38. Minutt ass ee Schoss vum Timi Elsnik um serbesche Potto gelant, den Noschoss ass iwwer d‘Lat gaangen. Déi leschte Chance vun der éischter Hallschent war nees fir d‘Serben. Dem Mitrovic säi Schoss aus 5 Meter ass awer um Oblak hänke bliwwen.
 
Direkt no der Paus haten d‘Serben eng éischt Chance. Dem Mitrovic säi Schoss am Strofraum ass um Oblak hänke bliwwen. Deem selwechte Mitrovic säi Kappball ass an der 50. Minutt iwwer de Gol gaangen. Déi éischt Chance op slowenescher Säit goung op de Konnt vum Benjamin Seslko. Säi Schoss aus gutt 20 Meter gouf vum Rajkovic am serbesche Gol iwwer d‘Lat gedréckt. An der 69. Minutt huet et dunn am serbesche Gol gerabbelt. No enger Flank vu lénks, wou déi serbesch Defense net gutt ausgesinn huet, ass dem Zan Karnicnik säi Ball am Gol gelant. Keng Chance fir de serbesche Golkipp. An der 72. hat nees de Mitrovic eng 100% Chance. Säi Schoss ass awer op d‘Lat gaangen. D‘Serben hunn an de leschten 10 Minutten alles no vir geworf. Et huet awer praktesch bis zu leschter Sekonn gedauert, ier den Ivan Ilic no engem Corner mam Kapp den 1:1 markéiert huet. 
 
No zwee Matcher hunn d’Slowenen 2 a Serbien 1 Punkt.

Grupp C: Dänemark - England 1:1

0:1 Kane (18'), 1:1 Hjulmand (34')

D'Spectateure kruten zu Frankfurt eng éischt Hallschent ze gesinn, an där béid Ekippe sech iwwert wäit Strecken neutraliséiert hunn. Keng Formatioun wosst ze brilléieren, soudatt et déi éischt richteg Golchance réischt an der 13. Minutt gouf. Mä de Foden konnt säi Schoss am 16-Meter net cadréieren. An der 18. Minutt sollt de Ball dunn awer de Wee an de Filet vun den Dänen fannen. No enger Flank vum Walker, déi am Gewulls vun den Dänen ofgefälscht gouf, ass de Ball beim Kane gelant, dee keng Problemer hat, fir de Ball am dänesche Gol ze versenken. Allerdéngs konnten d'Dänen nach virum Téi egaliséieren. An der 34. Minutt huet sech den Hjulmand en Häerz gefaasst, aus 30 Meter ofgezunn an de Ball flaach ënne lénks am Eck ënnerbruecht. Mat engem Score vun 1:1 si béid Formatiounen du vum Arbitter, no enger chancenaarmer éischter Hallschent, an d'Kabinne geschéckt ginn.

Nom Téi hu sech béid Formatioune weiderhi schwéiergedoen, fir geféierlech virun de Goler opzedauchen. Bei den Englänner huet et dacks un der Prezisioun gefeelt an d'Dänen waren hirersäits och net zwéngend genuch. An der 56. Minutt hunn déi dänesch Supporteren awer eng Kéier ferm missen zidderen. Dëst nodeems de Foden mat engem Distanzschoss de Potto getraff huet. An der 71. Minutt war et dunn de Watkins, deen de Gol um Fouss léien hat, mä den Englänner ass um Schmeichel hänke bliwwen. Um Enn sollt sech un dësem Resultat näischt méi änneren. Dobäi ass d'Resultat virun allem fir d'Englänner enttäuschend. D'Dänen dogéint hunn duerch de Remis nach all Dier op, fir an d'Aachtelsfinallen anzezéien.

Grupp B: Spuenien - Italien 1:0

1:0 Calafiori (55', Eegegol)

Et war eng monter éischt Hallschent, déi d'Spectateuren en Donneschdegowend am Top-Match tëscht Spuenien an Italien ze gesi kruten. Et ass permanent op an of gaangen a béid Formatiounen hu mat vollem Asaz a voller Vitess opgespillt. Dobäi waren d'Spuenier awer déi däitlech méi aktiv a geféierlech Ekipp. Allerdéngs hu Fabian, Morata, Williams a Co. kee Wee fonnt, fir den Donnarumma am Gol vun den Italieener ze bezwéngen. Dësen ass a sämtlechen Dueller de Vainqueur bliwwen a konnt seng Faarwen deemno am Spill halen. D'Italieener hu wuel séier no vir gespillt, geféierlech virum Gol opdauche konnte si awer seelen, mä si hu gedëlleg op hir Chance gelauert. Um Enn sollt awer kee Gol an der éischter Hallschent falen, soudatt béid Formatioune mat engem 0:0 op den Téi geschéckt goufen.

An der zweeter Hallschent hunn d'Spuenier d'Italieener vun Ufank un an hir Hallschent gedréckt a si ferm ënner Drock gesat. Dorausser sollt dunn och relativ séier e Gol resultéieren. Eng Flank vum Williams konnt vun den Italieener net gutt gekläert ginn, soudatt dës um Enn vum Calafiori an den eegene Gol deviéiert gouf. Eng italieenesch Reaktioun ass op dëse Géigegol ausbliwwen, soudatt d'Spuenier monter weidergespillt an op den zweete Gol gedréckt hunn. Dëse wier an der 70. Minutt bal gefall, mä de Williams huet mat sengem fulminante Schoss nëmmen d'Lat zum wackele bruecht. Et sollt awer weder bei de Spuenier, nach bei den Italieener e Gol falen, soudatt d'Spuenier de Match gewannen an als Gruppegewënner an den Aachtelsfinalle vun der EM stinn.