Déi Lëtzebuerger Dammen hunn am éischte Match an der Pool ëm d'Plaze 4 bis 6 an der Europa-Grupp III géint Moldawien mat 0:3 verluer.

D'Marie Weckerle huet sech am Eenzel missen dem Abigail Rencheli mat 6:4, 3:6 an 0:6 geschloe ginn.
 
D'Lucie Rabiot war dem Arina Gamretkaia mat 4:6, 6:4 an 1:6 ënnerleeën. Am Dubbel gouf et fir d'Claudine Schaul an d'Erna Brdarevic eng 1:6 a 4:6-Néierlag.
 
Fir Lëtzebuerg steet elo just nach d’Partie géint Armenien um Programm.