Um Memorial Irena Szewińska Meeting am polnesche Bydgoszcz ass et dem Vera Hoffmann gelongen, hiren alen nationale Rekord aus dem Joer 2023 ze verbesseren.

D'1500 Meter ass d'Vera Hoffmann en Donneschdegowend a 4:05,92 Minutte gelaf. Domadder ass et der jonker Lëtzebuergerin gelongen, fir den alen nationale Rekord, dee si am Joer 2023 opgestallt hat, ëm eng ganz Sekonn ze verbesseren. D'Course huet d'Vera Hoffmann iwwerdeems op der 12. Plaz ofgeschloss.

Déi jonk Leeferin ass den Ament fläisseg amgaangen, Punkte fir d’Qualifikatioun fir d'Olympesch Spiller 2024 zu Paräis ze sammelen.