De 27. Juni ass d'Olympesch Flam nees zu Lëtzebuerg passéiert.

Kuerz no 13 Auer ass d'Olympesch Flam am Grand-Duché ukomm. Iwwer eng 1,2 Kilometer laang Streck ass et vun Apach a Frankräich iwwer Pärel an Däitschland bis op Schengen zu Lëtzebuerg gaangen. An der Mëtt vun der Bréck huet d'Lëtzebuerger Tennisspillerin Anne Kremer d'Olympesch Flam iwwerholl, fir se bis op d'Place des Étoiles virum Europäesche Musée ze droen. Hei gouf d'Flam vum Grand-Duc Henri, senger Fra Maria Teresa an dem Prënz Louis empfaangen.

Kuerz viru 14 Auer huet d'Olympesch Flam de Grand-Duché a Richtung Frankräich verlooss.

Anne Kremer: "Dat ass e Moment, deen ech warscheinlech ni wäert vergiessen"

Enn d'lescht Joer gouf et den éischte Kontakt tëschent dem Anne Kremer an dem COSL. A schonn deemools wier et en emotionale Moment gewiescht, sou d'Anne Kremer en Donneschdeg virum Passage vun der Flam zu Lëtzebuerg. Datt de Choix op déi fréier Tennisspillerin gefall ass, war fir si eppes ganz Besonnesches.

De Liveticker fir nozeliesen