Maison du Luxembourg ass "wärend de Spiller sécherlech en absolutten Highlight"

E Freideg den Owend war op der Seine déi grouss Erëffnungszeremonie vun den Olympesche Summerspiller zu Paräis, mattendran och 13 Lëtzebuerger.
Aus Lëtzebuerger Siicht ass e Samschdeg awer och déi grouss Erëffnung vun der Maison du Luxembourg am Stade Jean Bouin.
D’Olympesch Flam brennt, d’Summerspiller sinn offiziell lancéiert an och d’Maison du Luxembourg am Stade Jean Bouin ass fäerdeg an et ass ee méi wéi zefridden, esou de Burkhard Disch vum COSL. D'Freed wier grouss, et hätt een zesumme mam "Deutsches Haus" eng immens flott Kuliss op d'Been gestallt. "Et ass eng absolut aussergewéinlech Plaz, déi hei wärend de Spiller sécherlech en absolutten Highlight ass", seet de Burkhard Disch.
An dat ënnert anerem opgrond vun der Fanzone, wou eng Partie däitsch Artisten, wéi zum Beispill den Tim Bendzko, optrieden, ma och Lëtzebuerger Sänger kënnen hei hiert Kënnen ënner Beweis stellen. An och an der Maison du Luxembourg selwer ginn et eng sëlleg Evenementer.
Och wann de ganzen Opbau vun där Maison du Luxembourg natierlech vill Zäit kascht huet, ass d’Preparatioun awer gutt verlaf, erkläert de Burkhard Disch. Fir eng flott Zäit a flott Eventer an der Maison du Luxembourg steet also näischt méi am Wee. Weider Informatiounen an Tickete ginn et hei.