Mission Impossible? Ni Xia Lian géint d'Nummer 1 vun der Welt

© ATP/Luxpress
E Mëttwoch de Moien um 11 Auer spillt d'Ni Xia Lian zu Paräis am zweeten Tour vun der Dëschtennis-Kompetitioun géint d'Nummer 1 vun der Welt.
Déi 61 Joer al Lëtzebuergerin freet sech op den Duell mat der weltbeschter Dëschtennisspillerin. Mir hu mam Sarah De Nutte iwwert dem Ni Xia Lian seng Chancen, fir dëse Match ze gewannen, geschwat.
Gebierteg kënnt d'Ni Xia Lian aus China an huet och do geléiert Dëschtennis spillen. Et ass déi dominant Natioun, seet och d'Sarah De Nutte. D'Chinesinne sinn dem Sarah de Nutte no op engem anere Level wéi all déi aner, eenzeg vläicht déi zwou bescht Japanerinne kéinten do nach mathalen. Virun allem d'Sun Yingsha wier déi dominant Spillerin um Circuit an no hirer Karriär wuel déi bescht Spillerin vun allen Zäiten, mengt d'Sarah de Nutte. Deemno dierft et eng ganz schwéier Affär gi fir d'Ni Xia Lian, déi mat all hirer Erfarung a virun allem der Aart a Weis, wéi si spillt, dem Sun Yingsha awer op d'mannst probéiere wäert, d'Liewe schwéier ze maachen.
Dem Sarah de Nutte ass bewosst, datt et fir d'Ni Xia Lian ganz schwéier wäert ginn, mee virun allem wéinst der Aart a Weis, wéi d'Ni Xia Lian spillt, wëll d'Sarah de Nutte hir Dubbelpartnerin net komplett ofschreiwen. D'Sun Yingsha huet nämlech scho géint eng indesch Spillerin, déi en änlecht Spill huet wéi d'Lëtzebuergerin, Problemer gehat.
Um 11 Auer wäert dann ze gesi sinn, ob d'Lëtzebuergerin e Wiertche matschwätze kann oder ob d'Sun Yingsha och géint d'Ni Xia Lian hirer absolutter Favoritteroll gerecht gëtt. Och wann et wéi ugeschwat, ganz schwéier wäert ginn, gesäit d'Sarah De Nutte, dat awer net nëmmen negativ. Och d'Ni Xia Lian selwer hat am RTL-Interview schonns annoncéiert, datt si sech freet, géint d'Nummer 1 vun der Welt ze spillen.