D'Virschau op déi nei Saison an der héchster Divisioun am Lëtzebuerger Futtball

© Val Wagner
De Weekend geet am nationale Futtball déi nei Saison un. Eis Sportsekipp vum Radio huet fir Iech eng Virschau op déi eenzel Matcher an Ekippe preparéiert.
Ënnert de 16 Ekippe gëtt den Nofollger vun Déifferdeng als Champion gesicht.

© RTL-Grafik
Rodange - Racing
Rodange huet e kloert Zil an dat heescht et, besser ze maache wéi déi leschte Kéier. Do war een nämlech direkt nees ofgestigen. De Kader gouf sou gutt wéi méiglech verstäerkt an et gouf opgepasst wat de Portmonnie erlaabt. Den Trainer Fred Herinckx ass zefridde mat sengem Spillermaterial an dat aus guddem Grond. Et goufen nämlech vill jonk Spiller rekrutéiert, déi den Trainer schonn a senge fréiere Veräiner forméiert huet. D'Spillphilosophie wäert dës Saison anescht si wéi nach an der Promotioun. Et wäert een net sou vill Ballbesëtz hunn an och net all Match eng enorm Unzuel u Golchancë kréien.
Den éischten Test fir Rodange ass géint de Stater Racing, deen en neien Elan an de Veräin wëll bréngen. Um Verluerekascht ziele se op de Retour vum Romain Ruffier am Gol, mee och als sportlechen Direkter. Den neien Trainer Yannick Kakoko ass bis elo zefridden, souwuel mat sengem Kader wéi och mat der Astellung vun de Jongen. Wichteg fir hien ass, dem Racing nees eng richteg positiv Spillidentitéit ze ginn. Mam Retour vum Mabella a mam Transfert vum Antonio Gomes schéngen déi Stater offensiv gutt gestiwwelt ze sinn.
LINK: Hei fannt Dir de Kader vum FC Rodange, mat Foto a Profil vun den eenzele Spiller.
LINK: Hei fannt Dir de Kader vum Racing, mat Foto a Profil vun den eenzele Spiller.
Hueschtert - Wolz
No engem Joer an der Éierepromotioun ass et fir d'Lokalekipp vun Hueschtert de Retour an déi iewescht Spillklass. Als Opsteiger läit de Fokus ganz kloer doran, sech an der BGL Ligue ze halen. 11 Spiller hunn de Veräin verlooss, woubäi néng Neier rekrutéiert goufen. Am neie Kader fir d'Saison 2024/25, deen am ganze 27 Spiller ëmfaasst, stinn och siwe Spiller aus der eegener Jugend. Dobäi ass de Club ganz houfreg, dass si et fäerdeg bruecht hunn, op ganzer 13 Lëtzebuerger Éischt-Lizenzen ze kommen. Den Trainer Marc Thomé, dee mat der USH a seng zweet Saison geet, gesäit seng Ekipp deemno gutt opgestallt fir hiert Ziel ze erreechen.
Beim Géigner aus dem Norden, dem FC Wooltz 71, wëll een no enger ustrengender leschter Saison, wou ee bal bis zum Schluss gekämpft huet, fir d'Klass ze halen, eng méi roueg Saison spillen. Nodeems een an der vergaangener Spillzäit just siwe Matcher konnt gewannen, een der awer 12 och just gläich gespillt huet, probéiert d'Ekipp vu Wolz, et an der neier Saison besser ze maachen. Och bei den Transferte war et wichteg, e Groussdeel vun de Spiller ze halen, dëst fir eng Stabilitéit am Grupp ze hunn. Trotzdeem gouf sech awer och op deene Positioune verstäerkt, wou et néideg war an deemno schléisse sech fir d'Saison 2024/25 siwen nei Spiller dem Veräin aus dem Norden un.
Dobäi ass een aus Wëlzer Siicht ganz frou, dass et dem Club gelongen ass, de Gustavo Hemkemeier vum Swift Hesper fir den offensive Beräich ze rekrutéieren.
LINK: Hei fannt Dir de Kader vun der UN Hueschtert, mat Foto a Profil vun den eenzele Spiller.
LINK: Hei fannt Dir de Kader vum FC Wooltz 71, mat Foto a Profil vun den eenzele Spiller.
Rouspert - Fola
Bei der Ekipp vun der Sauer probéiert een un déi lescht Saison unzeknäppen, wou schlussendlech eng 7. Plaz erausgesprongen ass, oder et vläicht esouguer nach een Tick besser ze maachen.
D'Formatioun vum däitschen Trainer Martin Forkel, huet fir déi nei Spillzäit siwe Spiller ofginn, woubäi mat Spiller wéi Spruds, Redekop an och El Idrissi, dräi Spiller drënner sinn, déi zum Stamm gezielt hunn. Mat Soares, Zingen, Lehnen a Faldey stousse véier nei Spiller bei de Club vum Camping derbäi. Dem Kapitän Kevin Marques no kënnt d'Stäerkt vun der Ekipp dëst Joer iwwer den haarde Kär. Iwwer Spiller, déi scho 6 bis 7 Joer zesummespillen a vill Erfarung matbréngen, fir um Enn d'Zil ze Erreechen.
Beim Géigner der Escher Fola, déi sech an der leschter Saison iwwer de Barragematch gerett hunn, steet de Maintien an der BGL Ligue kloer am Fokus. Obwuel de Kader bei de Jongen a Rout a Wäiss mat 20 Ofgäng a 15 neie Spiller ferm gerëselt gouf, ass de Grupp vun der Qualitéit awer och vum Mënschlechen hier, dat wat déi Responsabel vum Gaalgebierg sech virgestallt hunn. Den Trainer Stefanio Bensi huet sech zum Zil gesat, de Maximum aus all Spiller erauszehuelen, fir um Enn vun der Saison an der héchster Spillklass ze bleiwen.
LINK: Hei fannt Dir de Kader vum FC Victoria Rouspert, mat Foto a Profil vun den eenzele Spiller.
LINK: Hei fannt Dir de Kader vun der Fola, mat Foto a Profil vun den eenzele Spiller.
Beetebuerg - Diddeleng
No 51 Joer spillt Beetebuerg nees an der héchster Divisioun. Dass do eng gewëssen Euphorie am Veräin ass, läit op der Hand. Fir di positiv Dynamik ze halen, gouf als éischt emol gekuckt, fir de gréissten Deel vum Kader ze halen, an et gouf sech intelligent verstäert, esou den Trainer Olivier Baudry. Et gouf genee de Profil vum Spiller gekuckt an net einfach rekrutéiert, fir de Kader ze fëllen.
Fir den Trainer ass kloer, datt hien dëst Joer nach méi exigent mat senge Spiller muss sinn an och mat sengem ganze Staff. Um 1. Spilldag trëfft den Opsteiger op den F91. Den Diddelenger Trainer Marco Martino ass zefridde mat sengem neie Kader, well et ass finanziell déi lescht Joren net einfach an der Forge du Sud. D'Spiller, déi zu Verfügung stinn, sinn zimmlech polyvalent an esou ass et fir d'Géigner schwéier, den F91 richteg z'analyséieren.
D'Zil, uewe matzespillen, ass kloer an de President Gerry Schintgen huet nach e Wonsch, hie wëll e flotte Parcours an der Coupe d'Europe maachen.
LINK: Hei fannt Dir de Kader vum SC Beetebuerg, mat Foto a Profil vun den eenzele Spiller.
LINK: Hei fannt Dir de Kader vum F91 Diddeleng, mat Foto a Profil vun den eenzele Spiller.

Monnerech - Nidderkuer
An der leschter Saison konnt sech Monnerech iwwert de Verbleif an der héchster Lëtzebuerger Spillklass freeën. Genee dat ass och d'Zil fir d'Spillzäit 2024/25. An der Summerpaus huet sech den FC Monnerech virun allem mat jonken Nowuess-Talenter verstäerkt, déi nach wéineg bis keng Erfarungen an der BGL Ligue gesammelt hunn. Trotz enger gudder Virbereedung gesäit de Ryan Klapp dës Decisioun awer och mat engem liicht kriteschen Aen. "Bei den neien Transferten halen ech mech e bëssen eraus. Ech sinn der Meenung, datt mir e bëssen ze vill Jonker geholl hunn." Ob sech déi Zweiwel bestätege bleift ofzewaarden. De Ryan Klapp behält allerdéngs och ee positiivt Gefill fir déi nei Saison.
De Géigner op der anerer Säit konnt déi lescht Saison op der véierter Plaz ofschléissen a sech mam Coupe-Gewënn eng Plaz an der zweeter Qualifikatiounsronn fir d'Conference-League sécheren. Mat Transferte wéi ënnert anerem dem Cédric Sacras, dem Alen Agovic an dem Ken Corral huet sech de Progrès mat dräi Lëtzebuerger verstäerkt a wëll dëst Joer och nees vir ugräifen. Den Nidderkuerer Directeur Sportif Yannick Bastos wëll kloer Ziler setzen a sech am Verglach zu leschter Saison nach eemol steigeren. Nieft der Verdeedegung vum Coupe-Titel soll dës Saison nämlech och nees eng Plaz an den Top 3 geséchert ginn.
Dës Ziler solle mat enger klorer Transfertpolitik erreecht ginn, andeems ee verstäerkt op Lëtzebuerger Spiller aus dem Land setzt: "Mir sinn der Meenung, datt mir gutt Lëtzebuerger Spiller hei am Land hunn an der net direkt mussen an d'Ausland siche goen. Mir kucken, fir déi bescht Lëtzebuerger Spiller hei am Land unzezéien, éier mir um internationale Marché aktiv ginn."
Link: Hei fannt Dir de Kader vum FC Monnerech, mat Foto a Profil vun den eenzelne Spiller
Link: Hei fannt Dir de Kader vum Progrès Nidderkuer, mat Foto a Profil vun den eenzelne Spiller
Hesper - Péiteng
Beim Swift Hesper a bei Péiteng goufen et vill Changementer an der Summerpaus. De Swift Hesper war d'lescht Saison Coupefinalist a koum schlussendlech op déi 2. Plaz am Klassement. Den neie Mann op der Bänk ass de Fransous Emmanuel Da Costa, deen d'lescht Joer nach Co-Trainer zu Saint Etienne war. Ronn 20 Spiller hunn de Kader verlooss ënner anerem de Cédric Sacras, de Raphael Holzhauser oder de Clément Couturier. Eng Partie jonk Recruë wéi de Golkipper Noah Scheidweiler si bei de Kader dobäi gestouss. Den neien Trainer Emmanuel Da Costa wollt e puer Deeg virum Optakt vun der Saison ënnersträichen, datt esou e grousse Kader wéi zejoert fir hie keng Optioun ass. Hien ass och ganz kloer op Hesper komm fir Titelen ze gewannen.
Wéi Hesper huet och d'Union Titus Péiteng en neien Trainer an zwar de Filipe Ribeiro e portugiseschen Ex-Spiller vum Veräin. Och do hu bal 20 Spiller de Kader verlooss. Et goufe keng spektakulär Transferte realiséiert. Et kann een awer bemierken, datt den 20 Joer jonke Léon Elshan, dee scho vum Luc Holtz nominéiert gouf, d'Ekipp verstäerke komm ass.
D'lescht Saison goufen déi Péitenger déi 8. Den neien Trainer Filipe Ribeiro beschreift d'Situatioun vu sengem Veräin als méi komplizéiert op finanziellem Plang wéi déi lescht Joren. Wann déi Péitenger den Ufank vun der Saison ratéieren, da riskéiert et fir d'Ekipp aus dem Kordall eng ganz laang a komplizéiert Saison ze ginn.
Link: Hei fannt Dir de Kader vum Swift Hesper, mat Foto a Profil vun den eenzelne Spiller
Link: Hei fannt Dir de Kader vun der Union Titus Péiteng, mat Foto a Profil vun den eenzelne Spiller
Déifferdeng - Stroossen
Déi Déifferdenger konnten d'lescht Saison deen éischten Championstitel zanter der Fusion am Joer 2003 feieren, an dee wëll een beim FCD03 och dës Saison verdeedegen. Mat ënner anerem Ruffier an Pruzzo huet een zwar wichteg Pilieren verluer, dës konnten awer gutt ersat ginn. Duerch den Championstitel duerft een an der Champions League Quali untrieden. Zwar gouf een an zwee Matcher vu Klaksvik vun de Färörer Inselen eliminéiert. Allerdéngs konnten sech déi Déifferdenger Allersmatch vum zweeten Tour vun der Conference League Quali géint Schymkent aus Kasachstan behaapten. Den Artur Abreu ass zwar nach eng Zäitchen blesséiert, mee wëll mat senger Ekipp dës Saison nees vir ugräifen. "Mir wëllen herno esou héich wéi méiglech an der Tabell sinn, am beschte Fall rëm den Titel verdeedegen. Am wichtegsten ass, datt mir wéi ëmmer all Joer europäesch spillen".
Och Stroossen war dëse Summer fir déi éischte Kéier an hirer Veräinsgeschicht international ënnerwee. Zwar gouf een am éischten Tour vun der Conference League Quali vu Kuopion aus Finnland eliminéiert an awer kuckt ee positiv op dës Matcher zeréck. Mat ënner anerem dem Edis Agovic ass een alen Bekannten zeréck op Stroossen gewiesselt. Eppes wat den Stroossener Kapitän, säi Brudder Denis Agovic zimmlech frou mécht.
"D'Ambitioune mussen genau déi selwecht sinn, wéi elo zum Schluss vun der leschter Saison. Ech mengen de Bilan ass zimmlech positiv ausgefall. Wann s de zwee Matcher international spille kanns, da wëlls de dat natierlech gär erëm all Joers widderhuelen. Kloer sinn ech frou, dass den Edis erëm do ass. Hie bréngt déi néideg Aggressivitéit an och déi néideg Erfarung mat."
Link: Hei fannt Dir de Kader vum FC Déifferdeng 03, mat Foto a Profil vun den eenzelne Spiller
Link: Hei fannt Dir de Kader vun der Una Stroossen, mat Foto a Profil vun den eenzelne Spiller
Jeunesse - Munneref
Bei den Ekippen Jeunesse Esch an US Munneref sëtzen déi selwecht Trainer op der Bänk wéi d’lescht Saison wat jo nach laang net iwwerall de Fall ass. De Rekordchampion Jeunesse hat eng ganz schlecht Hironn fäerdeg bruecht a war op enger Ofstigsplaz. No der Wanterpaus war d'Ekipp vun der Grenz um Niveau vun de stäerkste Formatiounen a si koum bis op déi 5. Plaz. Dem Trainer Arnaud Bordi seng Jeunesse huet eng Dose Spiller verluer, ënner anerem den Toni Luisi oder de Goncalo Almeida. De ganz erfuerene Mickael Garos ass ee vun de ronn 15 Neien op der Grenz.
Et wëll een fir déi nei Saison esou séier wéi méiglech Punkte sammele fir mat ënnen näischt ze dinn ze hunn an dann unzegräifen.
D'US Munneref war déi lescht Saison op déi 9. Plaz komm a stoung och an der Halleffinall vun der Coupe. 7-8 Neier si bei de Kader gestouss a 7-8 Elementer si fortgaangen, wat fir eng relativ Stabilitéit schwätzt. Spiller wéi Loris Tinelli, Stefan Lopes oder Gerard Mersch sinn elo zu Munneref. Den Trainer David Zitelli wëll awer net wierklech déi eenzel Elementer an de Mëttelpunkt stellen, mee de Kollektiv. Wann et bei béiden Ekippe richteg gutt leeft, da kënne si realistesch gesinn déi europäesch Plazen ugräifen.
Link: Hei fannt Dir de Kader vun der Jeunesse Esch, mat Foto a Profil vun den eenzelne Spiller
Link: Hei fannt Dir de Kader vun der US Munneref, mat Foto a Profil vun den eenzelne Spiller