Fir den Optakt vun der neier Saison koum et zum Duell tëscht Rodange an dem Stater Racing. Um Enn trenne sech béid Ekippen 1:1.

E Samschdeg war den Optakt vun der Saison 2024/25 an der BGL Ligue. Am éischte Match stounge sech den Opsteiger FC Rodange an de Racing aus der Haaptstad géintiwwer. No 90 Minutte stoung e gerechten 1:1 um Tablo.

De Racing hat besser an de Match fonnt a Rodange an den éischten 20 Minutte kloer dominéiert. Et sollten och zwou gutt Aktiounen eraussprangen, mee d'Ekipp vum Verluerekascht huet aus dëser Iwwerleeënheet kee Profitt geschloen a sech aus dem Näischt den 0:1 gefaangen.

Rodange goung mat der éischter Chance a Féierung. No engem Fräistouss kuerz hannert der Mëttellinn koum de Ball an de Strofraum, wou de Monteiro Lima dat ronnt Lieder aus kuerzer Distanz am Racinger Gol ënnerbruecht huet. Uschléissend war de Match méi ekilibréiert. De Racing hat sech an der 39. Minutt ze fréi iwwer den Ausgläich gefreet, dee mat Recht wéinst Abseits annuléiert gouf.

Och no der Paus hunn déi 310 Spectateure laang Zäit op eng Reaktioun vum Racing gewaart. Déi Himmelblo hu sech wuel ëmmer méi Ballbesëtz geséchert, awer déi kloer Golchancë waren net dobäi. Eng Véierelstonn viru Schluss hätt Rodange de Sak zoumaache kënnen, mee de Messuwe huet de Ball aus kuerzer Distanz laanscht de Gol gesat.

Fënnef Minutte virun Enn gouf dat bestrooft. Den Ikene huet vun enger Indisponéierung am Rodanger Strofraum profitéiert a mat engem haarde Schoss den Ausgläich markéiert. Bis zum Schluss hate béid Ekippe jeeweils nach eng gutt Golchance, déi awer net eragaange sinn.

D’Futtballmatcher an der BGL Ligue ginn dës Saison net méi am Livestream op RTL.lu an der Live Arena iwwerdroen.

Den Iwwerbléck vun de Resultater mat de GolerRodange - Racing 1:1

1:0 Monteiro Lima (27'), 1:1 Ikene (86')

D'Tabell