Vun der NBA op d'Olympesch Spiller am Beachvolleyball
Deene mannste Leit ass eng professionell Karriär am Sport vergonnt. Beim US-Amerikaner Chase Budinger ass dat e bëssen aneschters.
Vun 2009 bis 2016 huet den Chase Budinger an den USA an der NBA gespillt, dat ënnert anerem fir d‘Houston Rockets an d‘Minnesota Timberwolves. No senger Zäit an der NBA huet hie sech nach ee Joer a Spuenien probéiert, ier hien d‘Basketsschong un den Nol gehaangen huet.

© AFP
Un der Säit vum Sean Rosenthal huet den 2 Meter 1 grousse Sportler sech dunn am Beachvolleyball probéiert. Zanter 2023 spillt hie mam Miles Evans zesummen a mat deem huet hie sech fir d‘Olympesch Spiller hei zu Paräis qualifizéiert.
Um RTL-Mikro huet den US-Amerikaner erkläert, wéi et dozou komm ass: "Ech sinn opgewuess, andeems ech béid Sportaarten op héijem Level gemaach hunn. Wéi meng Basketkarriär dunn eriwwer war, hunn ech mech decidéiert ze wiesselen. Ech hunn dunn alles investéiert fir de Beachvolleyball an et weist einfach meng haart Aarbecht a meng Begeeschterung, datt ech mech elo Olympionik nenne kann."
Et war e groussen Dram vum Chase Budinger, eng Kéier bei den Olympesche Spiller dobäi ze sinn, genau esou wéi fir säi Partner: "Et war eng vun de beschten Experienzen a mengem Liewen. Mir hunn dës Arena an den Olympeschen Dram gehyped. Et war einfach déi coolst Erfarung a mengem Liewen."
An den Aachtelsfinallen huet d‘Koppel Budinger/Evans sech dem Anders Mol an dem Christian Sorum aus Norwegen misse geschloe ginn. Deemno waren d‘Olympesch Spiller fir d‘US-Amerikaner deen Ament schonns eriwwer.

© AFP