Frankräich huet d'Goldmedail vu viru véier Joer zu Tokio verdeedegt.

D'Italieenerinnen hu sech am Volleyball d'Goldmedail bei den Olympesche Spiller zu Paräis geséchert. An der Finall hunn d'Europäerinnen der Ekipp aus den USA keng Chance gelooss. De WM-Drëtte wënnt kloer mat 3:0 (25:18, 25:20, 25:17) an de Sätz. Domadder konnten d'US-Amerikanerinnen hir Goldmedail vu virun dräi Joer zu Tokio net verdeedegen an huelen zu Paräis sëlwer mat heem.

Schonn e Samschdeg hat sech Brasilien mat 3:1 (25:21, 27:25, 22:25, 25:15) géint d'Tierkei Bronze geséchert.

Bei den Hären huet sech Frankräich op en Neits den Titel geséchert. An der Finall huet een den Europameeschter Polen an dräi Sätz mat 25:19, 25:20 a 25:23 geklappt. Obwuel all Saz haart ëmkämpft war, hunn d'Fransousen um Enn vun de Sätz déi decisiv Punkte gemaach a sech esou Gold geséchert. Sëlwer geet domadder u Polen. Bronze hat sech d'USA duerch en 3:0 (25:23, 30:28, 26:24) géint Italien geséchert.