Weltmeeschter Dänemark wënnt och Olympiagold

© AFP
Mat 39:26 huet een Däitschland keng Chance gelooss. Et ass déi héchst Néierlag, déi et an der Finall an der olympescher Geschicht gouf.
Dänemark ass verdéngt Olympiagewënner am Handball bei de Männer. De Weltmeeschter gewënnt mat 39:26 géint Däitschland a séchert sech d'Goldmedail.
An der Finall war Däitschland de ganze Match iwwer ouni Chance. Viru 27.000 Spectateuren am Stade Pierre-Mauroy zu Lille hunn d'Däne vun Ufank un den Tempo an de Rhythmus diktéiert. An der Paus stoung et schonn 21:12 aus Siicht vun Dänemark.
Fir Dänemark ass d'Goldmedail d'Suite vu villen Titelen, déi een an de leschte Jore gesammelt huet: Olympiagewënner vun 2016, Zweete vun 2021 a Weltmeeschter vun 2019, 2021 an 2023.
An engem enke Match ëm Bronze huet sech e Sonndeg de Moie Spuenien mat 23:22 géint Slowenien duerchgesat.