Der Jodie Grinham ass eng historesch Leeschtung bei de Paralympics gelongen. D'Brittin ass am siwente Mount schwanger an huet eng Medail gewonnen.

An der Geschicht vun de Paralympics war et bis ewell nach kenger schwangerer Athleetin gelongen, fir eng Medail ze gewannen. Dat huet sech zu Paräis geännert. Déi brittesch Bouschéisserin Jodie Grinham ass am siwente Mount schwanger an huet bei de Spiller zu Paräis am Compound Bronze am Eenzel gewonnen.

Déi 31 Joer al Brittin huet géint d'Phoebe Paterson Pine, Goldmedailegewënnerin vun de Paralympics zu Tokio, d'Nerve behalen an den Duell ëm Bronz mat 142:141 fir sech entscheet.

Wéi eng Wierder si nom Succès un hire Puppelchen no der Gebuert riichte wäert, hätt si schonn decidéiert, sou d'Grinham. "Du waars um Podium - de jéngste Member, deen um Podium stoung", wäert si soen, sou déi schwanger Sportlerin.

Fir d'Grinham ass et net déi éischt Medail bei Paralympics. 2016 zu Rio hat si mat hirem Partner John Stubbs Sëlwer am Mixed Team Compound gewonnen.

De kompletten Dossier vun de Paralympics fannt Dir hei.

dfd