Red Boys iwwerrenne Käerjeng am Spëtzematch

© RTL / Val Wagner
Bierchem an Esch gewannen hir Matcher och kloer, méi knapp war et fir Diddeleng. Bei den Dammen hu sech Käerjeng an Déifferdeng en enke Match geliwwert.
Axa League Hären
No enger phaseweis ganz schlechter Leeschtung virun enger Woch zu Diddeleng hunn d'Red Boys hiert Kënnen iwwer de ganze Match géint Käerjeng ofgeruff. Den Ufank war ganz serréiert, mee ab der 15. Minutt konnt Déifferdeng eng éischt Kéier e méi groussen Ecart maachen, wat de Käerjenger Trainer Radojevic zu enger Auszäit gezwongen huet. Awer och duerno sollt et fir Käerjeng net besser lafen, well d'Red Boys louchen an der Paus 19:13 vir.
Och am zweeten Duerchgang huet déi nei zesumme gewierfelt Käerjenger Ekipp vill technesch Feeler produzéiert, soudass d'Avance fir Déifferdeng ëmmer weider geklommen ass. D'Red Boys hunn awer och eng gutt Defense gestallt. Käerjeng huet ab der 45. Minutt agesinn, dass et haut näischt géif ginn an huet mat der Jugendekipp gespillt. No 60 Minutte stoung e 36:23 um Tablo. Fir Käerjeng ass dës kloer Defaite nom gudde Match géint Esch virun enger Woch e Réckschlag.
Bierchem huet sech eng souverän Victoire zu Dikrech geséchert. De Match war bis zur 10. Minutt ausgeglach (6:6), éier de Champion den Turbo gezünt huet a bannent 10 Minutten mat engem 9:1-Laf dervu gezunn ass. An der Paus stoung et 23:14 zu Gonschte vun de Gäscht aus dem Réiserbann. Nom Säitewiessel huet Bierchem säi Stiwwel weider erofgespillt an d'Avance ass weider geklommen, fir um Enn bei 38:22 stoen ze bleiwen.
Den HB Esch hat am Derby géint d'Esperance Rëmeleng keng wierklech Problemer a gewënnt um Enn kloer 38:24. D'Ekipp vum Rajko Milosevic louch no 10 Minutte scho kloer 8:3 vir an huet dës Avance bis an d'Paus op 10 Goler ausgebaut (20:10). Och am zweeten Duerchgang hat Rëmeleng am Ugrëff net déi néideg Duerchschlagskraaft, hat awer am Neizougang Pit Bettendorf de beschte Buteur (8 Goler) vum Match.
Den enkste Score vum Spilldag gouf et an der Haaptstad zu Bouneweg, wou sech den HB Diddeleng géint den HC Standard schwéier gedoen huet. Um Enn gewënnt den HBD awer 31:26. Diddeleng konnt sech ab der 20. Minutt ofsetzen, ass awer ni richteg fort komm. Den Opsteiger Standard huet gutt dergéint gehalen an och e méi groussen Ecart nees opgeholl. Diddeleng war awer ëmmer Meeschter iwwer d'Geschéien.
Axa League Dammen
Nodeems Déifferdeng virun enger Woch kloer d'Iwwerhand géint Dikrech behalen hat, gouf et am nächste Spëtzematch eng 28:31-Néierlag beim Vizemeeschter Käerjeng. An den éischten 10 Minutte war de Match ganz serréiert, mee duerno konnt d'Ekipp vum Trainer Benjamin Guillaume tëschenzäitlech op 5 Goler ewech zéien.
Nodeem et an der Paus 14:10 fir d'Käerjengerinne stoung, krut Déifferdeng den Ecart laang net verkierzt. An der 54. Minutt war den Tabellendrëtte vun der leschter Saison nees op 2 Goler drun, mee Käerjeng huet déi lescht Minutte gutt geréiert an um Enn verdéngt gewonnen. De franséischen Neizougang Claudine Mendy war mat hiren 9 Goler eng grouss Stäip fir Käerjeng.
De Champion Diddeleng hat och a sengem zweete Match kee Problem mat sengem Géigner. D'Ekipp aus der Forge du Sud gewënnt 40:16 beim Opsteiger Réiden an huet eppes fir d'Goldifferenz gemaach.
De Chev Dikrech muss sech iwwerraschend däitlech 18:30 dem Handball Esch geschloe ginn. Schonn an der Paus hat Esch eng Avance vu 6 Goler (15:9) an och am zweeten Duerchgang huet de Chev keng Léisung géint eng staark opspillend Escher Ekipp fonnt. D'Lara Weibel huet mat hiren 9 Goler zum Escher Erfolleg bäigedroen.
No der staarker Leeschtung virun enger Woch géint Käerjeng ass den HB Museldall beim HC Standard mat vill Confiance ugetrueden. Dat sollt sech och bezuelt maachen. Um Enn steet eng 33:14-Victoire fir d'Miselerinnen.