Nom decisive Gol vum José Gimenez an der 90. Minutt wënnt Atlético zu Madrid mat 2:1. Fir Benfica gouf et iwwerdeems och en 2:1-Succès zu Belgrad.

An der Kinneksklass am Futtball stoung en Donneschdeg den Owend den Ofschloss vum 1. Spilldag um Programm.

Resumé Uefa Champions League vum Guy Seyler

Zu Madrid gouf et fir Atlético duerch ee spéide Gol eng 2:1-Victoire géint Leipzig. No enger besserer Ufanksphas an engem fréie Gol vun de Gäscht aus Leipzig konnten d'Haushären an der 28. Minutt ausgläichen an duerno och d'Kontroll iwwert de Match gréisstendeels u sech rappen. An enger ausgeglachener zweeter Hallschent mat Golchancen op béide Säiten war et bis zum Schluss spannend bliwwen. An der 90. Minutt huet de José Gimenez da mat engem Kappball de Match entscheet.

Zu Belgrad huet sech Benfica beim Champions-League-Debut vum Leandro Barreiro mat 2:1 géint de Roude Stär duerchgesat. No engem fréie Gol fir d'Féierung an der 9. Minutt konnt den Orkun Kökcü duerch een direkte Fräistouss 20 Minutte méi spéit op 2:0 erhéijen. An der zweeter Hallschent huet sech Belgrad schwéier gedoe Gefor opkommen ze loossen. Zwar konnte si an der 86. Minutt nach op 1:2 verkierzen, um Resultat vum Match sollt dat awer näischt méi änneren. De Leandro Barreiro gouf an der 88. Minutt agewiesselt a konnt d'Féierung vu Benfica um Enn iwwert d'Zäit bréngen.

Fir Bayer Leverkusen gouf et dann zu Rotterdam eng kloer 4:0-Victoire. Duerch d'Goler vum Florian Wirtz (2), Alejandro Grimaldo an engem Selbstgol vum Timon Wellenreuther stoung et schonn 45 Minutten 0:4 aus der Siicht vu Feyenoord, deen an der éischter Hallschent ouni eng Chance war. Nom Säitewiessel huet de frëschen däitsche Champion dann ee bis zwee Gäng zréckgeschalt an d'Victoire no engem  onspektakulären zweeten Duerchgang sécher a kontrolléiert iwwert d'Zäit bruecht.

Atlético Madrid - Leipzig 2:1
0:1 Sesko (4'), 1:1 Griezmann (28'), 2:1 Gimenez (90')

D'Goler vum Match Atlético Madrid géint Leipzig
Duerch ee Gol an der 90. Minutt konnt d'Lokalekipp vu Madrid de Match decidéieren.

Mat vill Tempo sinn d'Gäscht aus Leipzig an de Match gestart, sou datt de Ball no véier Minutte schonn eng éischte Kéier am Gol louch. De Benjamin Sesko konnt no engem paréierte Schoss vum Jan Oblak nosetzen a mam Kapp op 1:0 stellen. Nom Géigegol huet Leipzig sech da méi no hannen zréckgezunn an d'Lokalekipp de Match maache gelooss. Eng éischt gréisser Drockphas konnt de Gaascht zwar nach verdeedegen, ma no 28 Minutten ass Atlético duerch ee Volleyschoss vum Antoine Griezmann dann den Ausgläich gelongen. D'Colchoneros hunn nom Ausgläich weider Drock gemaach an d'Leipziger net méi wierklech un der Partie deelhuele gelooss. D'Féierung fir d'Haushäre wier no 45 Minutte sécherlech net onverdéngt gewiescht, trotzdeem ass et mat engem Remis an d'Paus gaangen.

An der zweeter Hallschent hu sech déi zwou Ekippen dann op Aenhéicht gewisen. Ëmmer nees ass et am Mëttelfeld zu hëtzegen Zweekämpf komm an och déi Giel Kaart huet den Arbitter dobäi déi eng oder aner Kéier gewisen. Bis an d'Schlussphas eran war d'Sortie vum Match oppen a béid Ekippen hunn op een eventuelle Lucky Punch gehofft. Dee sollt an der 90. Minutt dann och nach falen. No enger Flank vum Antoine Griezmann huet sech den José Gimenez an d'Luucht geschrauft a mam Kapp op den um Enn decisiven 2:1 gestallt.

Stade Brest - Sturm Graz 2:1
1:0 Magnetti (23'), 1:1 Fernandes (45+1'), 2:1 Sima (56')

De Resumé vum Match Stade Brest géint Sturm Graz
Déi franséisch Lokalekipp konnt sech um Enn mat 2:1 behaapten

Monaco - Barcelona 2:1
1:0 Akliouche (16'), 1:1 Yamal (28'), 2:1 Ilenikhena (71')

Feyenoord - Leverkusen 0:4
0:1 Wirtz (5'), 0:2 Grimaldo (30'), 0:3 Wirtz (36'), 0:4 Wellenreuther (45')

D'Resuméë vun de Matcher Feyenoord géint Leverkusen a Monaco géint Barcelona
Fir Leverkusen gouf et zu Rotterdam eng kloer 4:0-Victoire a Barcelona huet sech no enger fréier Rouder Kaart zu Monaco geschloe ginn

Belgrad - Benfica 1:2
0:1 Aktürkoglu (9'), 0:2 Kökcü (29'), 1:2 Milson (86')

Atalanta - Arsenal 0:0

D'Resuméë vun de Matcher Belgrad géint Benfica an Atalanta géint Arsenal
Benfica konnt sech beim Debut vum Leandro Barreiro mat 2:1 géint de Roude Stär duerchsetzen an tëscht Atalanta an Arsenal si keng Goler gefall

All d'Resultater am Iwwerbléck
Klickt hei, fir op d'Resultater, d'Tabell, d'Statistiken an d'Ekippe vun der Champions League ze kommen.