Gutt Ausgangspositioun fir Diddeleng no Gläichspill zu Sassari

© AFP (Archiv)
Mam HB Diddeleng war den éischte Lëtzebuerger Vertrieder op der internationaler Handballbün am Asaz. Um Enn stoung et 36:36.
No enger Saison Abstinenz um europäesche Parquet ass den HB Diddeleng e Freideg den Owend am EHF European Cup géint Raimond Sassari aus Italien ugetrueden. Den italieeneschen Handball huet sech an de leschte Jore gutt entwéckelt, wéi een och un de Resultater vun hirer Nationalekipp erkenne kann. Nieft Sassari sinn och Fasano, Conversano, Meran a Brixen keng Onbekannter am EHF European Cup.
Et war net déi éischt Kéier, dass sech d’Weeër vum HBD a Sassari op europäeschem Plang gekräizt hunn. An der Saison 2021/22 hate sech béid Ekippe schonn eng Kéier am éischten Tour vum European Cup begéint. Och deemools gouf et en Double-Header an Italien, wou Sassari weiderkomm war.
De Match zu Sassari hat fir d’Ekipp vum Trainer Martin Hummel gutt ugefaangen. No enger Véierelstonn louch een 10:5 vir, duerno hu sech d’Italieener awer erkritt an no 19 Minutte war de Match nees egaliséiert (11:11). Et blouf bis zur Paus enk an de Score stoung no 30 Minutten aus Diddelenger Siicht bei 18:19.
Den HBD koum besser aus de Kabinnen a konnt sech séier eng kleng Avance erausspillen. D’Lëtzebuerger Ekipp goung mat engem Avantage vu 4 Goler an déi lescht 8 Minutten, mee dëse Virsprong ass konstant geschmolt.
Sassari huet sech net opginn an huet virun heemeschem Publikum alles ginn. Den HBD hat an der Persoun vum Aldin Zekan mat der leschter Aktioun d’Chance op d’Victoire, mee um Enn goung de Match 36:36 aus. De Josip Ilic an de Fynn Köller ware mat jee 7 Goler bescht Buteure fir Diddeleng.
Schonn e Samschdeg um 18.30 Auer steet den zweete Match um Programm. Diddeleng huet eng gutt Ausgangspositioun, sech fir den nächsten Tour ze qualifizéieren.