38 Punkten an 8 Dräier: Ben Kovac glänzt mat spektakulärer Leeschtung

© Besançon BCD
De Ben Kovac konnt um Samschdeg mat enger staarker Leeschtung op sech opmierksam maachen.
Zanter dëser Saison spillt de Lëtzebuerg Nationalspiller beim franséische Veräi Besançon an der "Nationale 1", der drëttstäerkster Liga vum Land. Am zweete Match vun der Saison um Samschdeg konnt de Kovac 38 Punkte markéieren, dorënner aacht Dräier. Am drëtte Véierel vum Match huet hien net manner wéi sechs Dräier an insgesamt 22 Punkte geworf. Dëse spezielle Véierel huet hien dann och nach mat engem spektakuläre "buzzer beater" ofgeschloss.
Besançon huet de Match géint Avignon knapp mat 91:85 gewonn. Den Optakt vun der Saison hat de Veräi mat 77:82 géint Le Havre verluer.