Protest an der Coupe d'Europe wär fir den HB Diddeleng deier ginn

© AFP Archiv
No enger kontroverser Eliminatioun aus der Coupe d'Europe géint Sassari am Handball, hat den HB Diddeleng kuerzzäiteg iwwerluet, Protest anzeleeën.
An der Coupe d'Europe am Handball sinn déi Diddelenger Hären an Italien géint Sassari no engem Gläichspill am éischte Match, 24 Stonnen drop an enger Defaite op ee Gol, eliminéiert ginn. Virun allem war am Retourmatch déi lescht Minutt extrem hektesch. Den HBD war nach ee Gol vir, wollt zweemol en Temps-mort huelen, den Delegéierte vun der Europäescher Handballfederatioun huet dat awer all Kéier net matkritt. No der Eliminatioun huet een ee Moment dru geduecht, Protest anzeleeën. Ënnert dem Stréch loossen déi Responsabel vun Diddeleng dat awer sinn. De Lynn Spielmann, Vizepresident vum HBD, deen och an Italien beim Match dobäi war, iwwert d'Beweeggrënn:
"Wa mer de Protest verléieren, dann hu mer 2.940 Euro Kautioun op Wien geschéckt fir näischt. Wa mer de Prozess gewannen, da géif et héchstwarscheinlech zu engem neie Match zu Sassari kommen, wat dann natierlech en Impakt huet op d'sportlech Belaaschtung vun eise Spiller an och dann e finanziellen Impakt. Well ech ka mer net virstellen, datt d'EHF eis d'Rees an den Hotel zu Sassari bezilt. An dat huet eng Contre valeur vun 20.000 Euro."
Lo steet fir den HB Diddeleng emol nees de Liga-Alldag um Programm. D'Ekipp aus der Forge du Sud spillt en Donneschdeg den Owend hire Championnatsmatch zu Dikrech géint de CHEV.