Um Samschdeg huet d'FLBB zu Walfer d'Aachtelsfinalle an der Coupe bei den Hären geloust.

An der "Loterie Nationale Coupe de Luxembourg" kënnt et zu zwee Dueller tëschent Ekippen aus der Enovos League. Den T71 Diddeleng spillt géint d'Etzella Ettelbréck, donieft trëfft den
AB Conter op de Basket Esch. Nach si sechs Ekippen aus der Nationale 2 am Wettbewerb gewiescht, alleguer triede se allerdéngs géint eng Ekipp aus der Enovos League un.

Dës Matcher ginn de 16. a 17. Oktober gespillt.

D'Matcher am Iwwerbléck:

T71 Diddeleng - Etzella Ettelbréck
AB Contern - Basket Esch
AS Zolwer (+10) - Arantia Larochette
Hedgehogs Bascharage (+10) - Résidence Walfer
Kordall Steelers (+10) - Sparta Bartreng
Gréngewald Hueschtert (+10) - Musel Pikes
Racing Lëtzebuerg (+10) - Mambra Mamer
Black Star Miersch (+10) - Amicale Steesel