Ravens iwwerlafe Bills, Commanders wësse weider ze iwwerzeegen
© AFP
No dem 4. Spilldag an der NFL bleiwen d'Kansas City Chiefs an d'Minnesota Vikings weiderhin ongeschloen.
Minnesota Vikings - Green Bay Packers 31:29
D'Minnesota Vikings bleiwen ongeschloen. Mat hirem Quarterback Sam Darnold gewanne si e spannende Match mat 31:29 géint d'Green Bay Packers, dat opgrond vun engem gudde Mix aus Pass- a Lafspill. Trotz der Néierlag wäerten d'Packers frou sinn, dass den Jordan Love no senger Blessur nees zeréck ass, och wann hien e Sonndeg dräi Interceptions geheit huet. Déi jonk Ekipp aus dem Bundesstaat Wisconsin kanns awer wuel positiv an d'Zukunft kucken.
Phildadelphia Eagles - Tampa Bay Buccaneers 16:33
D'Philadelphia Eagles kommen dës Saison bis elo nach net richteg un d'Rullen. Wuel ass dat op eng ganz Partie Blessuren zeréckzeféieren. Nawell hu si e Sonndeg géint d'Buccaneers alles aneschters wéi gutt ausgesinn. Bei der Ekipp vun Tampa leeft et e gutt Stéck besser. Baker Mayfield a Co. spille bis elo eng richteg gutt Saison an och e Sonndeg huet de Quarterback seng Receivere gutt gefiddert. Virun allem de Mike Evans huet mat senge 94 Yards a sengem Touchdown erausgestach.
Buffalo Bills - Baltimore Ravens 10:35
No zwee Néierlagen zum Optakt vun der Saison hunn d'Baltimore Ravens elo hir zweet Victoire noenee gefeiert an dat géint d'Buffalo Bills, déi domat eng éischt Néierlag fir dës Saison hu missen astiechen. Bei de Ravens war et virun allem den Derrick Henry, deen den Ënnerscheed gemaach huet. 199 Rushing Yards, 1 Rushing- an 1 Receiving-Touchdown, dat war de Bilan vum "King Henry" géint d'Buffalo Bills. Och de Lamar Jackson hat mat zwee Passing-Touchdowns an engem Rushing-Touchdown e gudde Match.
Washington Commanders - Arizona Cardinals 42:14
D'Washington Commanders si wuel déi gréissten Iwwerraschung vun der nach jonker Saison. Mat 42:14 gewanne si däitlech géint d'Cardinals. Virun allem hiert Lafspill war extra staark. De Brian Robinson, Jeremy McNichols an de Quarterback Jayden Daniels koumen zesummen op 216 Rushing Yards a 4 Touchdowns.
D'Resultater am Iwwerbléck
Dallas Cowboys - New York Giants 20:15
New Orleans Saints - Atlanta Falcons 24:26
Cincinnati Bengals - Carolina Panthers 34:24
Los Angeles Rams - Chicago Bears 18:24
Minnesota Vikings - Green Bay Packers 31:29
Jacksonville Jaguars - Houston Texans 20:24
Pittsburgh Steelers - Indianapolis Colts 24:27
Denver Broncos - New York Jets 10:9
Phildadelphia Eagles - Tampa Bay Buccaneers 16:33
Washington Commanders - Arizona Cardinals 42:14
New England Patriots - San Francisco 49ers 13:30
Kansas City Chiefs - Los Angeles Chargers 17:10
Cleveland Browns - Las Vegas Raiders 16:20
Buffalo Bills - Baltimore Ravens 10:35