Ettelbréck klappt Steesel no Verlängerung, Munneref wënnt den Opsteiger-Duell

© Emile Mentz
Um Freideg gouf den drëtte Spilldag an der Enovos League bei den Dammen an den Hären gespillt.
Hären
Bei den Häre stounge sech d'Opsteiger Munneref an Hiefenech géintiwwer, béid Ekippe ware mat zwou Néierlagen an d'Saison gestart. D'Lokalekipp huet sech direkt am Ufank vum Match ofgesat a louch nom éischte Véierel mat 33:18 a Féierung. D'Gäscht sinn dësem Réckstand d'ganz Partie hannendru gelaf, koumen awer net méi wierklech erun. Um Enn wënnt Munneref 103:88. Iwwerzeegt huet dobäi de John Korte, deen niewent 30 Punkten och nach 19 Rebounden um perséinleche Kont stoen hat.
Lescht Saison stounge sech Ettelbréck a Steesel an der Finall vum Championnat géintiwwer. Den éischte Match sollt dann och net enttäuschen, eréischt no Verlängerung setzt sech d'Lokalekipp mat 90:84 duerch. Den Jimmie Lee Taylor war net net nëmmen Topscorer vum Match mat 30 Punkten, hien huet och an der entscheedender Phas Verantwortung iwwerholl.
Änlech spannend war de Süd-Derby tëschent Diddeleng an Esch. Hei wënnt um Enn de Basket Esch mat 72:68. Mat engem staarken drëtte Véierel (28:9) hunn d'Gäscht de Match gedréint a sech e Virsprong erausgespillt. Mat 21 Punkten a 16 Rebounds war wéi sou oft Verlooss op de Clancy Rugg.
Den AB Conter setzt sech iwwerraschend däitlech mat 97:74 géint d'Résidence Walfer duerch. D'Heemekipp huet staark aus der Distanz getraff (14 Dräier) an de Charel Moes konnt dem Match mat 22 Punkte säi Stempel opdrécken.
D'Sparta Bartreng wënnt mat 82:69 auswäerts géint d'Musel Pikes. Domat bleift d'Lokalekipp ouni Victoire des Saison. Den Tyler Millin vu Bartreng huet mat 29 Punkten am beschte getraff.
Um Donneschdeg hat sech d'Arantia Fiels auswäerts 99:86 zu Mamer duerchgesat.
Dammen
Bei den Damme bleift d'Sparta Bartreng no enger 83:51 Victoire géint d'Musel Pikes ongeschloen. Kyaja Williams konnt dobäi 32 Punkte fir d'Gäscht vu Bartreng markéieren.
Den T71 Diddeleng notzt eng ausgeglachen Ekippeleeschtung a setzt sech mat 87:63 géint de Basket Esch duerch. 5 Spillerinne vun der Lokalekipp hu méi ewei 10 Punkte geworf.
Den AB Conter notzt e staarke leschte Véierel a feiert eng 62:47 Victoire géint Wolz. D'Nationalspillerin Esmeralda Skrijelj konnt mat 23 Punkten iwwerzeegen. Bei de Gäscht hu 5 Spillerinnen de ganze Match duerchgespillt.
De Champion Gréngewald Hueschtert war offensiv net ze stoppen a setzt sech mat 110:84 géint d'Amicale Steesel duerch. 33 Punkten huet d'Alexus Johnson zur Victoire vum Gréngewald bäigesteiert.
Dëse Weekend steet en duebele Spilldag um Programm, um Sonndeg geet et bei den Dammen an Hären weider mam 4. Spilldag.