HBD wënnt géint Veneco Velo, Néierlage fir Käerjeng an Déifferdeng

© Gilles Tricca
D'Käerjenger Dammen hu knapp géint Cair Skopje verluer. Déifferdeng huet sech zu Baku misse géint Qarabagh HC geschloe ginn.
Um Samschdeg stoungen d'Allersmatcher vum 2. Tour am EHF European Cup um Programm.
D’Spectateuren am Diddelenger Centre sportif René Hartmann hunn eng 22:17-Victoire fir den HBD géint den hollännesche Vertrieder Venéco Velo gesinn. Fir d’Hollännerinnen ass en Deplacement op Lëtzebuerg näischt Neies. D’Jugendekippe vu Velo ware jorelaang Gaascht beim Girls Cup, deen op Päischte vum Chev Dikrech organiséiert gëtt.
Nodeems béid Ekippen an den éischten 20 Minutte gläichop waren, konnt sech de Lëtzebuerger Coupegewënner vun der leschter Saison eng éischt Kéier ofsetzen a goung mat engem 10:7 an d’Paus.
Diddeleng konnt de Virsprong am Ufank vum zweeten Duerchgang ausbauen an domat de Grondstee fir d’Victoire leeën. Virun allem d’Sharon Dickes krut Velo net an de Grëff. D’Réckraumspillerin hat no 60 Minutten 9 Goler bei enger 100-Prozent-Quot opweises. De Retourmatch steet nächste Samschdeg an Holland um Programm.
Käerjeng huet sech doheem misse géint WHC Cair Skopje aus Nordmazedonien mat 24:26 geschloe ginn. Dorun hunn och déi 9 Goler vum Tina Welter näischt geännert.
De Finalist vun der mazedonescher Coupe ass keen Onbekannten um europäeschen Parquet. An de vergaangene véier Saisone war Skopje jeeweils am European Cup ugetrueden, ass awer ni méi wäit wéi d’Ronn 3 komm. De Lëtzebuerger Vizechampion war mat engem 5:1 an de Match gestart a louch no 20 Minutte souguer 10:5 vir. Skopje konnt de Réckstand bis zur Paus awer op 11:13 verkierzen an am Ufank vum zweeten Duerchgang direkt den Ausgläich markéieren.
Duerno goung de Match bis an d’Schlussphas hin an hier a keng Ekipp konnt sech wierklech ofsetzen. An der Crunchtime haten d’Nordmazedonierinnen dat néidegt Gléck op hirer Säit a gi mat zwee Goler Avance an de Retourmatch nächste Samschdeg.
Défferdeng huet am Aserbaidjan 24:27 géint Qarabagh HC verluer. Beim éischten europäeschen Optrëtt vun den Déifferdenger Dammen iwwerhaapt waren d'Spillerinne vum Trainer Mich Scheuren an der Paus 14:16 hannen. Trotz enger gudder Ufanksphas (10:7 no 15 Minutten) konnten d’Spillerinne ronderëm d’Kapitänin Lola Scheuren de Virsprong net halen.
An der zweeter Hallschent konnt sech Qarabagh HC séier eng komfortabel Avance erausspillen, déi bis op maximal 8 Goler ugewuess ass. Duerch eng Rei Goler vum Lola Scheuren a Rijalda Cilovic konnt sech Déifferdeng awer nees erukämpfen an huet e Sonndeg am Retourmatch nach Chancen, sech fir den nächsten Tour ze qualifizéieren.