Am CEV Challenge Cup waren dës Woch d'1/32-Finalle programméiert.

Hei hu sech déi dräi Lëtzebuerger Vertrieder, Volley Bartreng, VC Stroossen a VC Luerentzweiler ganz éierbar presentéiert.
 
Volley Bartreng - Maccabi Tel Aviv 1:3 (26:24, 16:25, 14:25, 15:25)
 
En Dënschdeg konnt de Volley Bartreng am Centre Atert géint Maccabi Tel Aviv am éischte Saz e Réckstand vu 6 Punkten nees guttmaachen an esouguer mat 26:24 gewannen. Duerno haten d’Profien aus Israel de Bartrenger hiert Spill duerchkuckt an hunn an de Sätz 2 bis 4 näischt méi ubrenne gelooss. Opgrond vun der aktueller Situatioun an Israel gëtt et kee Réckmatch an de Vizechampion ass domat eliminéiert.
 
Beschte Scorer bei Bartreng war de Jaromir Kolacny mat 23 Punkten.

Rieker Komarno - VC Stroossen 3:1 (25:21, 25:22, 27:29, 25:20)
 
Um Mëttwoch den Owend wollt de VC Stroossen beweisen, datt hir Victoire d’lescht Joer géint Rieker Komarno keen Zoufall war. Schonn an den éischten zwee Sätz hu Gilles Braas a Co gutt matgehalen, haten an der entscheedender Phas awer net den néidege Punch, fir den Deckel drop ze maachen. Eréischt am drëtte Saz konnt de Lëtzebuerger Champion mat 29:27 d’Iwwerhand behalen. Am véierte Saz hunn d’Slowaken awer hire fréien Avantage vun 3 Punkte konnten notzen an um Enn op 5 Punkten ausgebaut.
 
Wëllen déi Stroossener en Tour weiderkommen, misste si elo am Retour den nächste Mëttwoch als éischt duerch en  3:0 oder 3:1 e Golden Set erzwéngen, deen dann d’Decisioun fir den nächsten Tour bréngt.
 
Beschte Scorer bei Stroossen war de Boris Milosevic
 
VC Luerenzweiler - Ribola Kastela 2:3 (25:22, 22:25, 25:22, 19:25, 8:15)
 
Déi aktuell bescht Chancen op eng Qualifikatioun fir d'1/16-Finallen aus Lëtzebuerger Siicht huet de VC Luerenzweiler. Am Allersmatch um Donneschdeg den Owend war d’Heemekipp esouguer schonn 2:1 an de Sätz vir. Eng méi konstant Ekipp aus Kroatien huet de Match dunn awer nach emol konnten dréinen. Fir de Chris Zuidberg a Co géif eng 3:0- oder 3:1-Victoire a Kroatien duergoen, fir direkt en Tour weiderzekommen. Gewanne si 3:2, kéim et nees zum Golden Set. Sollt et dem Trainerstaff ronderëm de Serge Karier geléngen, déi richteg Schlëss aus der Analys ze zéien, ass eng Qualifikatioun duerchaus realistesch. De Match a Kroatien gëtt en Dënschdeg, de 15. Oktober um 19 Auer ugepaff.
 
Beschte Scorer bei Luerenzweiler war de Chris Zuidberg mat 18 Punkten.