Um Freideg war an der Enovos League bei den Hären den Optakt vum 5. Spilldag.

Am Match tëschent de Musel Pikes an der US Hiefenech stounge sech déi eenzeg zwou Ekippe géintiwwer, déi bis elo nach keng Victoire feiere konnten. Et war dofir och wéineg iwwerraschend, dass de Match net héichklasseg, an awer ëmkämpft war. Keng Ekipp konnt sech an den éischten dräi Véierel eng relevant Féierung erausspillen.

Am leschte Véierel konnte sech fir d'éischt d'Gäscht kuerzzäiteg op 8 Punkten ofsetzen, dunn hunn d'Pikes allerdéngs reagéiert an de Match sollt eréischt ganz zum Schluss entscheet ginn. Hiefenech hat um Enn déi besser Reussite mat 5 Dräier am véierte Véierel a setzt sech knapp mat 86:81 duerch.

4 Spiller hu bei de Gäscht méi wei 10 Punkte markéiert, de Philippe Arendt konnt der Partie mat 19 Punkte säi Stempel opdrécken. Um Samschdeg a Sonndeg ass d'Suite vum Spilldag, bei den Damme gëtt de komplette 5. Spilldag um Samschdeg gespillt.

D'Resultater vun den Dammen an den Hären am Iwwerbléck