COSL an FLTT hunn Differenzen aus dem Wee geraumt

© RTL
Dat hunn de Lëtzebuerger Olympesche Comité an déi national Dëschtennisfederatioun en Dënschdeg an engem Schreiwes matgedeelt.
D'Lëtzebuerger Dëschtennisfederatioun an d'Lëtzebuerger Olympesche Comité hunn hir Differenzen aus dem Wee geraumt. Dat Ganzt geet jo dorop zeréck, datt de COSL op den Olympesche Spiller zu Paräis op eemol eng weider Akkreditatioun fir den Dëschtennis krut, an déi dem Trainer vum Sarah De Nutte, dem Peter Teglas, ginn huet. D'FLTT war awer doriwwer net begeeschtert, well dat am Virfeld net esou mateneen ofgemaach war.
Lo hunn de COSL an d'FLTT sech gesinn, oppen a konstruktiv doriwwer geschwat, a sinn zu Conclusioune komm, déi déi zwee Partner zefriddestellen. De Comité Olympique an d'Dëschtennisfederatioun hunn an engem Communiqué och nach matgedeelt, datt bei der gudder Zesummenaarbecht iwwer eng laang Zäit et net ongewéinlech wier, punktuell Differenzen a Malentenduen ze hunn. Et gouf awer och decidéiert, d'Echangen an Zukunft ze intensivéieren an dat zum Gudde fir de Lëtzebuerger Dëschtennis an de Sport am Allgemengen.