Walfer a Steesel stinn an der Véierelsfinall

© Emile Mentz
D'Amicale huet sech beim Black Star Miersch behaapt a Walfer konnt sech zu Nidderkäerjeng duerchsetzen.
Um Dënschdeg Owend sinn déi éischt Aachtelsfinallen an der Coupe am Härebasket gespillt ginn.
D'Résidence Walfer huet sech mat 97:65 zu Nidderkäerjeng duerchgesat. Schonns an den zwee éischte Véierele waren d'Gäscht iwwerleeën an hunn de Virsprong an der Paus op 23 Punkte geschrauft. Nom Säitewiessel huet d'Heemekipp liicht besser dogéint gehalen, déi kloer Néierlag an den Out an der Aachtelsfinall waren net ze evitéieren.
Steesel huet zu Miersch mat 99:66 d'Iwwerhand behalen. No engem equilibréierten éischte Set huet Steesel sech am 2. Véierel ofgesat. No der Paus huet de Black Star matgehalen, d'Amicale ass awer souverän an den nächsten Tour agezunn.