D'Rout Léiwe schléissen de Grupp F op der 5. Plaz mat 8 Punkten of.

Am leschte Match gouf et 0:0-Remis tëscht de Roude Léiwen an Nordirland. D'Gäscht ware besser an de Match komm an haten an den éischten 30 Minutte méi vun der Partie. Déi bescht Chance hat awer de Videira an der 36. Minutt. Hien huet eleng virum Gol de Ball awer net cadréiert kritt.

Nom Säitewiessel hu sech béid Ekippe méi oder manner neutraliséiert, esou datt kee Gol méi fale sollt. Eng giel-rout Kaart fir d'Nordire ronn 20 Minutte viru Schluss sollt och näischt méi um Resultat änneren.

Am Grupp F huet sech England virun der Ukrain a Serbien duerchgesat. Lëtzebuerg huet sech hannert de Nordiren a virum Aserbaidjan op der 5. Plaz klasséiert. Dobäi huet een 8 Punkte gesammelt.