No Bartreng ass och Stroossen am Challenge Cup am Volleyball eliminéiert ginn. Just nach Luerenzweiler ass elo mat dobäi.

Nodeems de Volley Bartreng schonn déi lescht Woch no der 1:3-Defaite géint Maccabi Tel Aviv eliminéiert gouf, huet et elo och de VC Stroossen erwëscht. Eenzeg de VC Luerenzweiler konnt hir gutt Leeschtung am Allersmatch nach toppen a sech domat fir den nächsten Tour qualifizéieren.
 
Ribola Kastela - VC Luerenzweiler 0:3 (21:25, 16:25, 28:30)
 
Luerenzweiler huet seng Léieren aus dem Allersmatch gezunn an de Géigner vun Ufank un dominéiert. Déi jonk kroatesch Ekipp huet laang gebraucht, fir richteg an de Match ze kommen. Eréischt, wéi si mam Réck zur Mauer stoungen, konnte si de Lëtzebuerger Paroli bidden. Luerenzweiler konnt awer mat der méi grousser Erfarung e kille Kapp behalen. Och de Matchplang, d’Ekipp net ze wiesselen, huet zur gudder Performance bäigedroen.
 
An de 1/16-Finalle spillt de VC Luerenzweiler am November géint Lycurgus Groningen.
 
VC Stroossen - Rieker Komarno 2:3 (21:25, 15:25, 25:18, 31:29, 7:15)
 
Schonn d’Ausgangspositioun war fir déi Stroossener méi schwiereg. No der 1:3-Defaite hu si misste vun Ufank un Drock maachen. En 3:0 oder 3:1 hätt et misse sinn, fir dann e Golden Set ze erzwéngen. Och d’Slowake ware sech der Situatioun bewosst an nodeems si den éischte Saz gewonnen haten, hate si déi néideg Confiance, fir den Drock weider ze erhéijen. De Lëtzebuerger Champion koum dunn am zweete Saz ferm ënnert d’Rieder an huet net déi richteg Solutioune fonnt. Domat war kloer, datt Komarno en Tour weider wier a souwuel d’Gäscht wéi och d’Heemekipp hu profitéiert, fir der Bänk Spillpraxis ze ginn. Hei konnten d’Lëtzebuerger ënner Beweis stellen, datt si net esou wäit ewech sinn, wéi een dat am zweete Saz ugeholl huet. 
 
Domat ka sech de VC Stroossen elo voll a ganz op d’Lëtzebuerger Championnat an d'Coupe konzentréieren.