Dëschtennis-EM
De Nutte am Dubbel weider, Mladenovic eliminéiert

© AFP
Aktuell leeft d'Europameeschterschaft am Dëschtennis zu Linz an Éisträich.
An do steet d‘Sarah de Nutte zesumme mat hirer ungarescher Partnerin Georgina Pota am zweeten Tour vun der Dubbel Konkurrenz. Si konnte sech am éischte Match mat 3:1 géint en Duo aus Slowenien duerchsetzen.
Am Eenzel gouf d'Sarah de Nutte an der Haaptronn vun der Italienerin Gaia Monfardini mat 2:4 geklappt.
De Luka Mladenovic gouf awer mat sengem hollännescher Partner Kas Van Oost am éischten Tour eliminéiert, dat mat 1:3 géint den Duo Dang Qui a Benedikt Duda.
Am meeschte gelies