Nach ni stoungen e Papp a säi Jong an engem offiziellen NBA-Match zesummen um Terrain. Beim Saison-Optakt vun de Lakers huet sech dat geännert.

Bei der 110:103-Victoire fir den Optakt vun der Saison vun den LA Lakers géint Minnesota Timberwolves stoung net just de Basket selwer am Vierdergrond, nämlech ee vu senge gréisste Staren iwwerhaapt: De Lebron James. Well bei dëser Partie stoung nach en aneren James um Terrain. Nieft der Nummer 23 an dem Numm "James" um Réck war och bei der Nummer 9 "James JR." ze liesen: Papp a Jong hunn also zesummen an der NBA gespillt.

Géint Enn vum zweete Véierel war et esouwäit: De 39 Joer ale Lebron a säi 20 Joer jonke Bouf Bronny stoungen zesummen um Terrain. Wuel gouf et dëst an der héchster amerikanescher Basketdivisioun nach ni, mä beim Baseball war dëst an den 90er eng Kéier de Fall, wéi de Ken Griffey senior an de Ken Griffey junior zesumme fir d'Seattle Mariners an der MLB gespillt hunn. Déi Zwee souzen natierlech och fir dësen historesche Moment zu Los Angeles an der Hal.

De Bronny James gouf vun de Lakers an der zweeter Ronn vum Draft als 55. gewielt an huet schonn an der Preparatiounsmatcher zesumme mat sengem Papp gespillt. Bei dëser Partie ass hie grad emol op 3 Minutte komm an huet ee Rebound ze verbuchen. Säi Papp dogéint huet 16 Punkte bei d'Victoire bäigedroen.

Och wann dësen Optrëtt vun den zwee Jamesen am Virfeld vum Match fir vill Spannung gesuergt huet, gëtt sech erwaart, datt de Bronny dës Saison méi an der G-League wäert spillen, wéi effektiv bei der éischter Ekipp an der NBA. An der Virronn hat hien eng Partie, wou hien op sech opmierksam gemaach huet, fir déi aner fënnef hat hien am Duerchschnëtt 1,6 Punkte an eng Trefferquote vun 20 Prozent, dat bei ronn 12,4 Minutte Spillzäit.