Déi Lëtzebuerger Handball-Dammennationalekipp ass de Weekend an Italien am Asaz dëst am Kader vun der WM-Qualifikatioun.

D'Géigner an der 1. Qualifikatiounsphas si Bulgarien um Samschdeg an Italien um Sonndeg. De Serge Olmo huet sech virum Depart mat Spillerinnen an Trainer ënnerhalen, fir d'Ambitioune vun de Léiwinne gewuer ze ginn.

FLH-Damme géint Bulgarien an Italien gefuerdert / Reportage Serge Olmo

Zu Chieti no bei Pescara an den Abruzze wäerten d'Lëtzebuergerinnen de Fokus op hiren éischte Match setzen. Dëst um Samschdeg den Owend géint Bulgarien. Ugangs der Woch op der Pressekonferenz war opgefall, datt am Kader d'Kreessleeferin Valérie Gomes feelt. D'Spillerin vum HB Diddeleng ass blesséiert. De Kader ass allgemeng jonk. Munch erfuere Spillerinne wéi d'Wirtz Schwësteren Joy a Kim vun Diddeleng oder d'Tina Welter vu Käerjeng spillen awer eng wichteg Roll. Nodeem sech zanter Juni reegelméisseg op dës 1. Qualifikatiounsphas preparéiert gëtt, gouf sech dës Woch ganz intensiv virbereet. Den Nationaltrainer Mich Scheuren analyséiert kuerz d'Géigner.

"Ech mengen, datt mir vum spillereschen hir méi staark si wéi d'Bulgaren. Par contre sinn d'Bulgaren eng zolidd Ekipp mat e puer schéine Gabariten dran. Verschiddener spillen och am Ausland. Et ass net, datt mir elo soen, datt mir dohinner fueren a sécher géint d'Bulgare gewannen. Et ass awer de Match, wou éischter accessibel ass wéi de Match géint Italien, obwuel ech mengen, datt mir och Fortschrëtter gemaach hu par rapport zu Italien."

D'Lat ass héich, well Italien relativ däitlech de Favorit ass. Vun den Azzurri spillen der vill am Ausland ënner anerem a Frankräich. Bei der Lëtzebuerger Selektioun ass keng Feldspillerin am Ausland aktiv. D'Tina Welter huet an d'Däitschland an der Bundesliga gespillt a weess, datt et vu Virdeel wier, wa jonk Matspillerinnen de Wee an d'Ausland géife sichen.

"Et wier natierlech wichteg, wa pro Positioun eng Spillerin am Ausland wier. Dat heescht elo net, datt mir hei zu Lëtzebuerg "Pillepalle-Handball" spillen. Mir hunn och zu Lëtzebuerg gutt Traineren. Et kommen och extern Traineren an d'Clibb fänken un, ëmmer méi ze maachen. Et gi Formatiounen ugebuede fir Traineren. Et gëtt vill gemaach."

D'Léiwinne wëlle sech net ze vill Drock maachen. No der Babypaus ass d'Joy Wirtz nees prett fir d'FLH-Selektioun a wëll en Zeeche setzen zesumme mat de Kolleeginnen.

"Jo genee. Mir kennen e bësse wéi d'Nationalekipp evoluéiert huet a mir hunn och dofir gekämpft fir datt se bleift. Et waren ëmmer vill Diskussiounen, well mir och vill Matcher verluer hunn, mee well mir elo mierken, datt mir vläicht eng Chance hu géint Bulgarien, gëtt elo e bësse méi enk. Iergendwann musse mir weisen, wat mir kënne spillen."

Fir d'Bulgaren a Schwieregkeeten ze bréngen, kéint e séiert Spill an de Géigner ënner Drock setzen d'Rezept sinn.

An den nächsten Tour vun der Qualifikatioun kënnt just déi éischt klasséiert Ekipp vun dësem Minitournoi.

De Kader vun der FLH-Formatioun

Golkipper: Laure FLENER (Hsg Hunsrück), Maewa HUBERTY (Hb Käerjeng), Ines LOPA (Sms Zaglebie Lubin)
Feldspillerinnen: Rijalda CILOVIC (Red Boys Differdange), Dea DAUTAJ (Hb Dudelange), Sharon DICKES (Hb Dudelange), Sophie ELCHEROTH (Chev Diekirch), Svenia GAMBINI (Hb Dudelange), Lily MELCHIOR (Red Boys Differdange), Lola SCHEUREN (Red Boys Differdange), Ajla SKENDEROVIC (Red Boys Differdange), Tania SOBERANO (Red Boys Differdange), Lara STEFFEN (Hb Dudelange), Tina WELTER (Hb Käerjeng), Laura WILLEMS (Hb Dudelange), Joy WIRTZ (Hb Dudelange), Kim WIRTZ (Hb Dudelange), Jennifer ZUK (Hb Käerjeng)