Liz Conzemius ass Weltmeeschterin am "Blannen-Tennis"
D'Lëtzebuerger Athletin stoung am Kader vun den Halleffinalle vum "Luxembourg Ladies Tennis Masters" fir e Showmatch um Terrain.
De leschte Samschdeg sinn an der Coque d’Halleffinalle vum "Luxembourg Ladies Tennis Masters" gespillt ginn. Virun der éischter Partie gouf et eng kleng Iwwerraschung fir d’Spectateuren. Déi nei Weltmeeschterin am Séibehënnerten-Tennis, d’Liz Conzemius vum Tennis Spora, konnt hei op hir Disziplin opmierksam maachen.
Nodeems d’Sportlerin am Joer 2023 eng Sëlwermedail bei den "International World Games" am "Blannen-Tennis" gewanne konnt, stoung d’Lëtzebuerger Athletin dëst Joer bei der Weltmeeschterschaft op der éischter Plaz. Eng Victoire, op déi den Tennis Spora besonnesch houfreg ass.
D’Initiativ vum Séibehënnerten-Tennis gëtt et nach net laang zu Lëtzebuerg. Virun 2 Joer huet sech de Veräi vun der Spora vir d’Inclusioun agesat. Bis ewell ginn et just 2 Athleten hei am Land. Den Nicolas Berodt stoung nieft dem Liz Conzemius mat um Terrain beim Showmatch. Hei kruten d’Spectateuren eng aner Aart vun Tennis gebueden. Déi funktionéiert esou, dass den traditionellen Tennisball ersat gëtt duerch e Ball mat enger Rassel. E weideren Ënnerscheed ass, dass de Ball dräimol opkommen däerf.
D’Inclusioun spillt och am Sport eng wichteg Roll. De Séibehënnerten-Tennis krut dank de Leeschtunge vum Liz Conzemius méi Opmierksamkeet. Esou haten déi 2 Athlete beim Showmatch d’Chance, sech virun heemesche Publik ze weisen. Fir den Nicolas Berodt an d’Liz Conzemius spillt een nämlech net esou dacks op esou enger grousser Bün.
Och an Zukunft wäerten d’Liz Conzemius an den Nicolas Berodt Lëtzebuerg an hirer Disziplin vertrieden.