D'Musel Pikes iwwerraschen d'Fiels, Bartreng wënnt knapp géint Esch
Um Weekend gouf den 8. Spilldag an der Enovos League bei den Häre gespillt.
Hären
Am Derby setzt de Champion Amicale Steesel e kloert Zeechen a léisst der Résidence Walfer keng Chance, um Enn wënnt Steesel auswäerts mat 104:75. D'Lokalekipp huet defensiv keen Zougrëff op de Géigner kritt, d'Amicale huet an all Véierel mindestens 22 Punkte geworf. Ganz staark huet de Profispiller Jarvis Williams gespillt, hien hat um Enn 50 Punkten um perséinleche Kont stoen. An den éischte 5 Minutte vum véierte Véierel huet de Williams 17 Punkten noenee fir seng Ekipp gehäit a Walfer un d'Verzweiwele bruecht.
Hiefenech wënnt am Kellerduell knapp mat 82:78 géint Mamer. D'Profispiller vun der Lokalekipp hu Verantwortung iwwerholl, de Lual Ding (33 Punkten) an de Joshua Keys (22) hunn zesumme 55 Punkte markéiert.
E weideren enke Match hunn d'Zuschauer tëschent Conter an Diddeleng gesinn. D'Lokalekipp ass mat engem klenge Virsprong an de véierte Véierel gestart, dunn awer agebrach. Conter huet just 10 Punkte markéiert an de leschten 10 Minutten an doduerch konnt Diddeleng de Match dréinen an um Enn mat 72:69 gewannen. Den Edward Colbert huet 23 Punkte fir Diddeleng geworf.
Um Freideg hat sech den ongeschloene Leader Etzella Ettelbréck däitlech mat 92:50 géint den Opsteiger Munneref duerchgesat.
Um Sonndeg huet sech d'Sparta Bartreng an engem enke Match mat 75:69 géint de Basket Esch duerchgesat. D'Gäscht louchen 2 Minutte viru Schluss 69:68 a Féierung, Bartreng huet de Match allerdéngs mat engem 7:0-Laf ofgeschloss a konnt eng Victoire feieren. De Lenell Henry konnt mat 25 Punkten an 22 Rebounds iwwerzeegen, donieft huet de Colin Braun e wichtegen Dräier kuerz viru Schluss getraff.
D'Musel Pikes setzen e Liewenszeechen an iwwerraschen d'Arantia Fiels. Bei der Lokalekipp huet de Filipe Abreu, dee bis elo Assistent war, d'Ekipp als Trainer betreit. Den Esosa Okundaye konnt bei der 99:85-Victoire vun der Lokalekipp mat 32 Punkten iwwerzeegen, den Tom Welter huet mat 17 Punkten an 10 Assists och e staarke Match gespillt.
Bei den Dammen ass wéinst de Lännermatcher nächst Woch Paus an der Enovos League.