D'Rout Léiwe preparéiere sech op d'Matcher vun der EM-Qualifikatioun
Mat Tschechien a Kroatien waarden zwee ganz staark Géigner op d'Härennationalekipp.
D’Lëtzebuerger Nationalekipp ass eng Zesummestellung vu jonke, motivéierten Handballspiller, déi wéi Goss zesummenhalen. Viru ronn 10 Méint haten des ambitiéis Borschten e Grond fir sech zesumme mat de Spectateuren ze freeën.
An der Prequalifikatioun vun der Europameeschterschaft hate si géint Lettland e 7-Goler-Réckstand vum Allersmatch an eng 8-Goler-Avance an der Coque gezaubert. Domadder war d’Qualifikatioun fir d’Gruppephas perfekt.
An déi 2 éischt Partië stinn elo virun der Dir. Dofir sinn d’Spiller an engem Preparatiounsstage versammelt. De 6. November waart d’Tschechien bei sech doheem op d’Rout Léiwen an de 9. November ass an der Coque d’Weltklassenekipp aus Kroatien op Besuch.
Déi zwou bescht Ekippe vun all Grupp sinn direkt fir d’Europameeschterschaft qualifizéiert, esou wéi déi véier bescht Gruppendrëtt vun den 8 Gruppen.
Mat der Belscher Nationalekipp, déi aner Ekipp am Grupp vun de Roude Léiwen, kéint sech Mëtt Mäerz en Duell op Aenhéicht entwéckelen. 8 Spiller aus dem Lëtzebuerger Kader sinn awer am Ausland aktiv a kënnen dohier net un allen Trainingsseancen deelhuelen.
Wéi och ëmmer, de Rendez-vous vum 9. Oktober, misst e Must si fir jiddwer Handballfan. Dann ass Kroatien, mat enger ganzer Rëtsch vu ganz gudden Handballspiller op Besuch. Och dobäi ass den Domagoj Duvnjak, de Welthandballer vun 2013.