Basket
Musel Pikes a Munneref wiesselen den Härentrainer

© Emile Mentz
Aus dem Basket ass et d‘Nouvelle, dass esouwuel d‘Musel Pikes wéi och Munneref den Härentrainer ersetzen.
An der Enovos League bei den Häre si béid Veräiner schwaach an d‘Saison gestart. Den Alfredo Pecorino an de Bob Adam mussen dofir hire Stull op der Bänk raumen.
D‘Musel Pikes hunn um Sonndeg mam Filipe Abreu als Interimstrainer d‘Fiels iwwerrascht an déi zweet Victoire fir dës Saison gefeiert. Munneref war um Freideg géint Ettelbréck ënnergaangen. Béid Veräiner wäerten an den nächsten Deeg en neien Trainer presentéieren.
Am meeschte gelies