De Weekend war d'Suite vum 9. Spilldag an der Enovos League bei den Hären.

De Resumé vum Basket / Reportage Guy Seyler

Um Samschdeg huet den T71 Diddeleng sech doheem kloer géint d'Musel Pikes duerchgesat. Dobäi huet bei de Gäscht de Brian Carroll säin Debut op der Trainerbänk ginn. Bei der Ekipp vun der Musel huet een allerdéngs en neie Schwong vermësst, defensiv gouf ee vum Géigner vun Ufank un iwwerlaf, Diddeleng war an der Paus schonn 63:43 a Féierung. Um Enn wënnt d'Lokalekipp däitlech mat 106:75. Diddeleng huet insgesamt 15 Dräier getraff, den Edward Colbert hat 38 Punkten um perséinlech Kont stoen, dobäi stoung hie just ronn 29 Minutten um Terrain.

De Leader Etzella Ettelbréck bleift no enger 94:73 Victoire bei engem Heemspill géint Conter ongeschloen. D'Ettelbrécker hu sech fréi am Match e Virsprong erausgespillt a louchen an der Paus mat 52:36 a Féierung.

Conter huet allerdéngs am drëtte Véierel eng Reaktioun gewisen an ass bis op 8 Punkten erukomm. Mat engem souveräne leschte Véierel huet Ettelbréck näischt méi ubrenne gelooss. De Brandon Johnson hat um Enn 30 Punkten um perséinleche Kont stoen.

D'Résidence Walfer huet de Match auswäerts zu Esch an der zweeter Hallschecht gedréint. Nodeems d'Gäscht an der Paus 41:55 am Réckstand louchen, hu Vujakovic a Co. de véierte Véierel mat 29:15 fir sech entscheet a wannen um Enn knapp mat 95:91. De Leon Ayers konnt 31 Punkte markéieren, ënnerstëtzt gouf hie vum Nationalspiller Oliver Vujakovic, dee 26 Punkten um Kont stoen hat.

D'Arantia Fiels setzt sech mat 94:71 géint d'Sparta Bartreng duerch an zitt domat mam Géigner an der Tabell gläich. Mat staarke 40 Punkten huet de Mykolas Maindron der Partie säi Stempel opgedréckt.

De Champion Amicale Steesel deklasséiert den Opsteiger Hiefenech a wënnt mat 93:59. Mat 27 Punkten huet den Elyjah Goss déi meeschte Punkte geworf, de Jonas Theisen koum op 21 Punkten.

Um Dënschdeg hat sech Mambra Mamer am Kellerduell mat 95:84 géint Avanti Munneref duerchgesat.