Et war den erwaarte schwéiere Match géint de Weltmeeschter vun 2003 an Olympia-Gewënner vun 2004. De Moossstaf kënnt am Mäerz géint d'Belsch.

Handball: EM-Quali. Lëtzebuerg vs Kroatien / Reportage Serge Olmo

An engem ausverkaafte Gymnase an der Coque (1400 Leit) verléiert d'Lëtzebuerger Handball-Nationalekipp 25:35 géint de klore Favorit an dëser Qualifikatiouns-Grupp Kroatien. Et war déi iwwerhaapt éischt Renconter vu béiden Ekippen op internationalem Plang.

Ënnert der Woch haten d'Lëtzebuerger trotz enger gudder Leeschtung an Tschechien 17:23 de Kierze gezunn, wärend Kroatien d'Belsch mat 30:23 geklappt hat.

Den Domagoj Duvnjak, eent vun den Aushängeschëlder vun de Kroaten a Rekord-Nationalspiller, gouf vum Trainer Dagur Sigurdsson net fir de Match nominéiert. Dofir waren awer Gréisste vun net manner groussem Kaliber wéi Dominik Kuzmanovic, Luka Cindric oder Ivan Martinovic an der Coque mat dobäi.

Virum Match huet d'Handball-Federatioun mam Chris Auger, Daniel Scheid an Tommy Wirtz dräi fréier Nationalspiller verabschit.

De Mika Herrmann mat vollem Asaz

D'Rout Léiwe konnten de Match déi éischt 14 Minutten ausgeglach gestalten (5:6). De Mika Herrmann huet seng Ekipp mat 3 Paraden am Match gehalen, mee och säi Géigeniwwer Kuzmanovic war gutt opgeluecht. Uschléissend hunn d'Kroaten hir Vitess an hir individuell Qualitéiten ausgespillt an hu sech tëscht der 15. an 20. Minutt eng komfortabel Avance erausgespillt (12:6).

Lëtzebuerg huet sech an der Attack ze vill technesch an individuell Feeler geleescht an huet an der 23. Minutt mam Sam Richard, deen eng direkt Rout Kaart krut, e wichtege Pilier an der Verteidegung verluer. De Weltmeeschter vun 2003 huet dat gekonnt genotzt a sech bis zur Paus op 19:9 ofgesat.

Direkt mat der éischter Aktioun vun der zweeter Hallschent huet sech de Yann Hoffmann schwéier blesséiert (Verdacht op Rass vun der Achillesseen), woumat e wichtegen Acteur am Ugrëff gefeelt huet. Dovun huet sech Lëtzebuerg déi éischt 10 Minutten awer net ënnerkréie gelooss a konnt deen een oder anere flotte Gol markéieren.

D'Rout Léiwe wollten déi zweet Hallschent géint dës grouss Ekipp genéissen an den Trainer Maik Handschke huet all Spiller Spillzäit gegënnt. Virun allem den Ojié Etute konnt sech an den zweeten 30 Minutten dacks an d'Gollëscht androen a war mat 5 Goler beschte Lëtzebuerger Buteur. Kroatien gewënnt um Enn héichverdéngt 35:25. Hire beschte Scorer war de Mario Sostaric mat 6 Goler.

Déi nächst Matcher fir d'FLH-Selektioun stinn am Mäerz géint d'Belsch un. Do erhoffe sech d'Lëtzebuerger e gutt Resultat am Kampf ëm Plaz 3 bei hirer eréischt zweeter Participatioun an der Qualifikatiounsphas 2.