Domat ka sech de VC Mamer ouni Punkteverloscht eleng un der Tabellespëtzt ofsetzen.

E Samschdeg war am nationale Volleyballchampionnat bei den Hären a bei den Dammen de 4. Spilldag.

Hären

De Volley Bartreng huet sech mat 3:1 géint de CHEV Dikrech duerchgesat a bleift domat mat véier Victoiren no véier Matcher ouni Punkteverloscht un der Tabellespëtzt.

An de weidere Matcher vum Dag gëtt et fir den Escher VBC eng 0:3-Defaite géint Luerenzweiler a Stroossen behaapt sech mat 3:0 zu Fenteng.

Dammen

Bei den Damme gouf et fir den RSR Walfer déi éischt Defaite vun der Saison. Zu Péiteng hu si am fënnefte Saz knapp mat 14:16 de Kierzere gezunn an domat de Match mat 2:3 verluer. De VC Mamer profitéiert dovun a steet no enger 3:0-Victoire géint den Escher VBC eleng mat 12 Punkten un der Tabellespëtzt.

An den zwou weidere Partië vum Samschdegowend wënnt den GYM Volley mat 3:2 géint de Volley Bartreng an de VC Stengefort behaapt sech mat 3:2 zu Iechternach.