De Lëtzebuerger Paralympic Day
E Samschdeg war am Rehazenter um Kierchbierg déi véiert Editioun vum Paralympic Day, organiséiert vum Luxembourg Paralympic Commitee (LPC).
Den Tom Habscheid hat virun zwee Méint op de Paralympics zu Paräis an engem fir de Behënnertesport aussergewéinleche Kontext d'Bronzemedail gewonnen. De Stade de France war mat 80.0000 Spectateuren bis op déi lescht Plaz gefëllt, d'Ambiance war op Héichtoure geklommen an déi international Medie-Resonanz war esou héich wéi nach ni op de Paralympics.
Do sinn och d’Hoffnunge bei der Lëtzebuerger Delegatioun gewuess, datt dëst Evenement de Sport fir kierperlech behënnert Matmënschen, souwuel am Kompetitiouns- wéi och am Fräizäit-Sport, géif no vir dreiwen. De Sportspresseverband ass mam gudde Beispill virgaangen. Et gouf eng Entrevue mam Sportminister an en informellt, zoufällegt Gespréich mam Generol Thull gemaach, fir eng änlech Karriär wéi déi vum Sportzaldot eventuell op d'Been ze sëtzen.
Nieft dem Héichleeschtungssport gëtt och fläisseg dru geschafft fir de Breedesport weider ze entwéckelen. Besonnesch fir déi jonk behënnert Sportler motivéiert ze kréie fir sech ze beweegen, ass eng vun de groussen Erausfuerderungen. D'Unerkennung an d'Ënnerstëtzung vum Grand Duc Henri an der Grand Duchesse Maria Teresa, hunn déi Behënnerte Sportler scho praktesch vun der éischter Stonn un. Mat der Visitt vun den Atelieren um paralympeschen Dag gouf dëst nach eng Kéier ënnermauert.