Aus dem Basket ass et d'Nouvelle, dass den Anan Majdi neien Trainer bei Avanti Munneref gëtt.

Hie stoung dës Saison bei den Damme vun de Musel Pikes an der Verantwortung, ass allerdéngs no 5 Néierlagen um Stéck zeréckgetrueden. Munneref hat sech viru kuerzem vum Bob Adam getrennt, d'Ekipp huet no 9 Spilldeeg just 1 Victoire um Kont.