Um Dënschdeg war an der Enovos League bei den Hären den Optakt vum 10. Spilldag. 

Den Tabelleleschten Avanti Munneref ass mam Anan Majdi als neien Trainer an de Match géint de Champion Amicale Steesel gestart. D'Lokalekipp ass och gutt an de Match komm a louch nom éischte Véierel 22:21 a Féierung. Bis zur Paus huet de Champion allerdéngs e Gank an d'Luucht geschalt an sech ofgesat. Am drëtte Véierel hunn d'Gäscht de Match mat engem weidere Laf entscheet, um Enn wënnt Steesel kloer mat 97:70. Net ze stoppen war de Jarvis Williams, deen um Enn op 34 Punkten koum.

Den AB Conter setzt sech doheem mat 84:72 géint Mambra Mamer duerch. D'Gäscht hunn sech kuerz viru Schluss bis op 3 Punkten eru gekämpft, Conter huet d'Schlussphas awer dominéiert an sech déi 6. Victoire des Saison geséchert. De Riles Grigsby konnt 26 Punkten zur Victoire bäisteieren.

Um Mëttwoch ass d'Suite vum 10. Spilldag mat 3 weidere Matcher.