Déifferdeng klappt Bierchem an ass elo Leader






















































































































































































































































































Nieft dem Spëtzematch bei den Häre stoung och bei den Dammen eng interessant Affiche um Programm. Hei war d’Resultat allerdéngs méi kloer.
Axa League Hären
Tëscht der Red Boys Déifferdeng a Bierchem koum et zum erwaarten haarde Kampf ëm d’Tabellespëtzt. Um Enn hat Déifferdeng mat 33:30 d’Nues vir. Et war en Nodrosmatch vum 7. Spilldag, well Bierchem deemools am European Cup gespillt hat.
An den éischte 15 Minutte war de Score immens enk, mee duerno konnt sech Bierchem kuerzzäiteg eng Avance vun 3 Goler erausspillen. Déifferdeng konnt an der 20. Minutt awer nees ausgläichen. Et huet bis zur 27. Minutt gedauert, bis dass d’Haushären eng éischt Kéier a Féierung goungen. Si sollten dës Féierung och mat an d’Paus huelen (17:15).
D‘Réiserbänner konnten no der Paus séier egaliséieren an de Score blouf bis zur 42. Minutt enk. Du konnten d’Red Boys den Ecart op 3 Goler eropschrauwen, wat hinnen an der Schlussphas den néidegen Avantage ginn huet, fir de Match ze gewannen. Och déi 13 Goler vum staarke Raphael Guden konnten näischt un der éischter Bierchemer Néierlag änneren.
Och wann den amtéierende Champion bis zum Schluss net opginn huet, huet Déifferdeng an der Crunchtime méi ofgezockt gewierkt. Den Daniel Scheid huet bei sengem Retour op Déifferdeng, wou hien déi lescht 9 Saisone gespillt hat, 5 Goler fir d‘Réiserbänner bäigesteiert. D’Red Boys fügen de Bierchemer déi éischt national Néierlag an dëser Saison zou an iwwerhuelen och d’Féierung an der Tabell.
Axa League Dammen
Bei den Damme stounge sech am Spëtzematch Käerjeng an Diddeleng géintiwwer. Dëse Match war opgrond vun der Diddelenger Participatioun am European Cup verluecht ginn. Et war net den erwaarte spannende Kampf ëm d’éischt Tabelleplaz. D’Diddelenger Fiiss setze sech um Enn kloer 37:25 duerch.
Den HBD huet de positiven Elan aus de Matcher géint JuRo Unirek matgeholl a konnt Käerjeng fréi den Zant zéien. Stoung et no 6 Minutten nach 6:3 fir Diddeleng, hat sech d’Ekipp vum Trainer Mikel Molitor no 15 Minutte mat 14:6 e groussen a komfortabele Virsprong erausgespillt. Dat louch virun allem un enger gudder Defense an enger staark opgeluechter Golkippesch Leythienne. Käerjeng huet kee Mëttel dogéint fonnt, sou dass et mat 7:17 an d’Kabinne goung.
De Rekordchampion Käerjeng hat och an der zweeter Hallschent kee Rezept géint dës staark Diddelengerinnen. Ze vill Verantwortung huet op de Schëllere vum Claudine Mendy gelaascht, déi hir Matspillerinnen net wéi gewinnt an Zeen setze konnt.
Den HBD huet säi Stiwwel weider erofgespillt a seng Chancë konsequent genotzt, déi en duerch déi vill technesche Feeler op Säite vum HBK krut. Um Enn feiert Diddeleng eng souverän Victoire a sammelt Big Points am Titelkampf. D’Ekipp aus der Forge du Sud huet nach zwee weider Nodrosmatcher virun der Broscht.